Scoutsresistenzler

Sorry, this entry is only available in LU.

Kontakt Lëtzebuerger Scouten an der Resistenz: lsr@lgs.lu

De Verband vun de Lëtzebuerger Scouten (LS) an der Resistenz 1940-1945

Den 2. September 1939, hunn däitsch Truppen Polen iwwerfall. Doduerch waren déi Alliéiert, England a Frankräich laut Ofkommes mat Polen engagéiert, Däitschland de Krich ze erklären, deen no an no zum 2. Weltkrich ausgewuess ass. Doduerch stong eist Land virun enger ongewësser Zukunft.

An dëser Perspektiv stong de Chefdag vun de Lëtzebuerger Scouten de 16. September 1939 ënnert dem Motto « DER HEEMECHT ZE DENGEN». Den deemolege Commissaire Général Aloyse Hentgen, huet en Appel un d’Bereetschaft vun alle Chef a Rover geriicht an ausgeruff « d’Scoute si mobiliséiert ». Dorop huet eng grouss Zuel vu Scouten d’Eischthëllefscoursë vum Roude Kräitz besicht.

An der Nuecht vum 9. op den 10. Mee 1940, hunn dem Hitler seng Arméiën och eist Land iwwerrannt, an dat trotz offiziellen Deklaratiounen deen Dag virdrun, d’Neutralitéit vu Lëtzebuerg ze respektéieren. Vun do u bis d’Joer 1945 gouf eist kleng a friddlecht Land ënnerdréckt an terroriséiert mat dem Zil, Lëtzebuerg fräiwëlleg oder gezwongen ze annektéieren. Fir dat méi séier ze realiséieren, gouf eist Land am August 1940 ënnert d’Zivilverwaltung gestallt mat engem Gauleiter un der Spëtzt.

Vun do un, huet d’lëtzebuerger Vollek der Nazityrannei d’Stir gebueden. Hei e Saaz aus dem „Sicherheits-Bericht“ vum 25. Juni 1940, deen an eisem Statsarchiv ënner AEL-SD/A4/Bl.3 enregistréiert ass an deem d’Haltung vun den LS den Nazi vis-à-vis vun Ufank un esou festhält: “Innerhalb der Schulen und Internate zeigen sich nach wie vor die katholische Pfadfinder als die fanatichsten Gegner deutsch-freundlich gesinnter Schüler“. Aus der individueller Resistenz ass gläich déi organiséiert Resistenz entstan. Sou ass op Initiativ vun den dräi Distriktscommissaire vun de Lëtzebuerger Scouten , Tony NOESEN (Norden), Georges EVERLING (Zentrum) a Jang MULLER (Süden), de 15. Juli 1940 déi éischt Lëtzebuerger Ls-Resistenzorganisatioun op d’Bee gesat ginn. Kuerz duerno, de 15. August 1940, kommen iwwer 40 Chef a Rover aus dem Süddistrikt zu Esch am Wëllefcherssall ënnert der Grenzer Kierch zesummen, wou beschloss gouf, Resisitenz ze leeschten, mee d’Bouwen aus deeër geféierlecher Saach erauszehalen. Bei dëser Geleeënheet hu si hiert Scoutsverspriechen op de lëtzebuerger Fändel erneiert. Dat war deen éischten Akt, vun der éischter Resistenzorganisatioun.

Di meescht Truppen aus dem LS-Verband sinn esou wäit dat méiglech war, mat hiren Aktivitéiten weidergefuer, bis den 23. August 1940 de « Stillhaltekommissar » ënnert aneren och d’Scouten- a Guideverbänn verbueden huet. Vun do u sinn uechter d’Land aus den LS-Truppen kleng Resistenzgruppen entstan, déi no an no zu enger gréisserer Organisatioun zesummegewues sinn. Kuerz duerno sinn och nach aner Resistenzgruppen am Land gegrënnd ginn.

Aus dem Verschmëlzen vun e puer patrioteschen Organisatiounen ass d’LVL « Lëtzebuerger Vollékslegioun » am Abrël 1941 ervirgaang. D’Strukture vun der LVL ware villfach déi vum Lëtzebuerger Scoutsverband. Sou waren am ieweschte Legiounsrot dräi Vertrieder vun den LS an ee Vertieder vun der LPL. Eischte President gouf de Georges EVERLING, dee no der Verhaftung vun deenen dräi LS-Vertrieder , vum Lucien DURY, Scoutschef zu Märel als President ersat gouf. An däer Folleg huet sech d’LVL als déi bescht organiséiert Resistenzgrupp erwisen.

An enger anerer Organisatioun, der LPL, huet och ee vun eise Commissairen an e puer Chef eng wesentlech Roll gespillt. Ënnert deeër selwechter Inspiratioun huet de Scoutchef vun Déiferdang, den Ady Claude, de Grupp LFK (Lëtzebuerger Fräiheets-Kämpfer) an d’Liewe geruff. Déi meescht Organisatiounen hu wa noutwenneg zesummegeschafft.

De Scoutissmus war fir déi jonk Männer eng gutt Schoul, well de Grënner a Chef Robert BADEN POWELL, si duerch seng Erzéiungsmethod ganz spezifesch op d’Liewen an op hir Afferbereetschaft préparéiert hat. Esou waren si sech bewosst, wat dat gewotent « Spill », op dat si sech agelooss hunn, matt sech brénge kënnt. Well dee klengste Feeler konnt d’Deportatioun an e KZ, d’Ëmmsiedlungslager mat der Famill, d’Konfiskéiere vum Verméigen, laang

Prisongsstrofen an esouguer d’Doudestrof mat hire brutalste Vatianten no sech zéien. Mir waren eis am kloren iwwert d’Brutalitéit vum Nazigesetz an dach hu bis op wéineg Ausnahmen ganz vill vun eise Chef, Aumônieren a Rover, vill Cheftainen an och Scouten sech do wou et drop ukoum, géint den Nazitrerror gestäipt.

Hei e puer Beispiller, déi den Asaz an d’Engagement vun den LS-Scouten am Krich illustréieren :

Fir den 10. Oktober 1941 hat di däitsch Zivilverwaltung eng « Personenstandsaufnahme » virgeholl, déi direkt vun der Resistenz als verkappte Referendum erkannt gouf. D’Lëtzbuerger hunn sech zu 95% fir hir Nationalitéit ausgedréckt an hunn op de Formulär dräimol « lëtzebuergesch » amplaz « deutsch » geschriwwen. Fir d’Preisen war dat en Debakel, fir d’Resistenz e groussen Erfolleg, un deem d’LS-Scouten e groussen Undeel haten, andeems si bei Dag a bei Nuecht dausende vun Trakten heemlech verdeelt hunn. D’Naziverwaltung huet déi Blamage doutgeschwiegen an dee verkappte Referendum virzäiteg ofgebrach. Dat war deen éischte grousse Coup vun der Resistenz.

Den 31.8.1942, no der Aféierung vun der « Wehrpflicht » fir D’Joergäng 1920-1924 (spéider 1925-1927), ass ënnert dem Impuls vun de Resistenzorganisatiounen e Generalstreik ausgeléist ginn. Fir dësen onerwaarte Volléksopstand vun deem klenge Lëtzebuerg ze briechen, hun d’Naziën d’Standrecht ausgeruff, an deen Dag duerno gutt Patrioten als ofschreckend Massnahm exékutéiert, dorënner och de Scoutchef Nikki KONZ. Fir vill vun eise Chef a Rover war dat de Wee an de Prisong, an d’Konzentratiounslageren oder mat hirer Famill an Deportatioun, a fir déi méi jonk an e paramilitärescht Stroflager. D’Affer vun de Patriote waren net ëmsoss, well fir keng weider Blamage ze riskéieren, huet de Gauleiter d’Joergäng 1918 an 1919 nët agezun, wéi dat scho fir d’Elsass a fir Lothréngen de Fall war.

Enn 1942 an ufanks 1943 hunn e puer an den RAD (Reichsarbeitsdienst) ZWANGSrekrutéiert Jongen aus dem Lager PEENEMÜNDE op der Insel Usedom un der Ostsee, ënnert hinnen den Henri ROTH an och zwee LS-Scouten, de Pir GINTER an de Lucien KOHN, ganz heemlech Skizzen an Erklärungen iwwert d’Produktiounsplazen an d’Ofschossrampen vun de V1 a V2-Rakéiten (Vergeltungswaffen) opgezeechent. Den Henri ROTH huet séng Skizz u säi Papp Leo ROTH vun der LPL geschéckt. Dem Pir GINTER séng Opzeechnung gong un den Dr. SCHWACHTGEN vun der LVL an déi vum Lucien KOHN gong un de Raymond HAGEN och vun der LVL. Dës dräi Messagen sinn un déi alliéiert Geheimdéngschter viru geleed ginn. Duerch déi dräi Messagen haten déi Alliéiert d’Confirmatioun, datt eng aussergewéinlech a geféierlech Krichswaff a Préparatioun wier. PEENEMÜNDE gouf am Juli 1943 schwéier bombardéiert, sou datt d’Entwécklung an d’Produktioun wäit zréck gehäit gouf. Doduerch sinn dausende vun Zivilpersounen an Zaldoten verschount bliwwen.

Dëse Resistenzakt, deen e groussen Impakt op d’Nazikrichsmaschinerie hat, ass vun den Alliéierten héich ageschat ginn, an als Unerkennung goufen eis virgenannten LS-Frënn nom Krich mat héigen Dekoratiounen ausgezeechent.

Souwuel dëse Resistenzakt, wéi och d’Saach vum Referendum an de Generalstreik, deen d’ganz Welt oplauschtere gedoen huet, hate gewëss och en Impakt dorop, datt nom Krich eist klengt Lëtzebuerg sech de Respekt vun alle Natioune verdéngt hat.

Eng schwéier a geféierlech Charge ass vun de Resistenzler iwwerholl ginn, wéi et drëms gong, ëmmer méi Lëtzebuerger zwangsrekrutéiert Jongen, déi de Preisen de Réck weise wollten, ze verstoppen oder, grad wéi déi alliéiert Prisonnéier op der Flucht duerch eist Land, iwwert d’franséisch oder d’belsch Grenz ze « passéieren » : Méi wéi 50 Aumônierën, Chef, Rover an e puer Cheftainen hunn als Passeuren a Filièriste grouss Verdéngschter ze verzeechnen. Aleng den Tony NOESEN huet bis zu senger Verhaftung e puer honnert falsch Ausweiser ausgestallt fir Refraktären a Flüchteger a Sécherheet ze dirigéieren.

 

Dëst sinn e puer vun deene gréisste Resistenzakten, wou noweislech LS-Scouten matgewierkt hunn. All déi vill kleng an onscheinbar, mee wichteg Aktiounen am Däischteren an am Ënnergrond, wouduerch honnerte vu Liewe gerett a geschount si ginn, sinn hei nët ernimmt. Och dee nofolgenden TABLEAU d’HONNEUR ernimmt nëmmen déi aktiv Scouten beim Ausbroch vum Krich. Déi deemoleg « Al Scouten » déi hiert Scoutsversprieche bestëmmt net vergiess haten, sinn an dëser Opzeechnung net matgezielt.

PDF

Flyer Scoutsresistenzler

Eroflueden

PDF

Opléisung Verband 1941

Eroflueden