Léif Guiden a Scouten,
Am Kader vun der Coronakrise bedeelege sech d´Lëtzebuerger Guiden a Scouten um Projet #YouthAgainstCOVID19 vun der UNFPA, dem UN Bevölkerungsfonds.
An Zesummenaarbecht mat der Presentatiounssoftware PREZI an der UNFPA geet et drëms déi Jonk ze mobiliséieren a géint de COVID-19 ze kämpfen.
D´Guiden a Scouten si bereet ze hëllefen, ganz nom Motto “Eemol Scout, ëmmer Scout”. Mat dësem Projet wëllen d´LGS en Deel dozou bäidroen, d´Bevëlkerung richteg iwwert de COVID-19 z´informéieren, an alleguer d´Mythen ronderëm dëse Virus opzedecken.
Méi Informatioune gëtt d´Anouk Galassi, Commissaire générale bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, a folgendem Video:
Fir mat ze maache mellt iech w.e.gl. mat engem Mail u yacovid19@lgs.lu.
Dir kritt vun eis eng kuerz Confirmatioun a parallel kennt dir natierlech scho mat ärem Video ufänken. No an no schécke mir iech dann déi nächst Episode per Email.
Dës Aktioun riicht sech virun allem u CaraPio a RaRo. Gidd de Memberen aus äre Branchen dës Info w.e.gl. weider.
Fir d´Biber, Wëllefcher an Avex wäerte mir deemnächst eng ähnlech Aktioun am Kader vu #ScoutenDoheem lancéieren.
Hei fënns du folgend Dokumenter:
- HOW TO: Wéi erstellen ech mäin eegene Video?
- EPISODE 1 : Skript op Lëtzebuergesch
- EPISODE 2 : Skript op Lëtzebuergesch
Bei Froen oder technesche Problemer kënnt dir iech zu all Moment per Email bei eis mellen: yacovid19@lgs.lu
Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,
De Verbandscomité
