Komm mat! – De Mot d’ordre vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Hei geet et direkt bei d’Challenge vum Komm mat!
Komm mat! Dat ass de neie Mot d’ordre vun de Lëtzebuerger Guiden an Scouten fir d’Joren 2020-2023. E Mot d’ordre soll en Thema sinn ënnert deem mir eis all zesumme kënne weider entwéckelen a jiddereen eenzel u sengem Fortschrett ka schafffen. Et soll awer och en Thema sinn ënnert deem mir Spaass hun an Neies erliewen.

E Mot d’ordre leeft iwwer 3 Joer an ass eng Opfuederung fir jiddereen, souwuel Membere wei aner Interesséierter, aktiv bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten matzemaachen. All Joer soll ee vun de wichtegen Themen vum Guidissem a Scoutissem méi an de Fokus geréckelt ginn an et sou de Guiden a Scouten erméiglechen iwwert déi ganz Zait un hirem perséinleche Fortschrëtt ze schaffen.

Am 1. Joer konzentréieren mir eis op eist Ëmfeld an eis Ëmwelt. Mir entdecken dobaussen eis Natur an besonnesch d’Abenteuer an d’Spiritualitéit si wichteg bei all eisen Aktivitéiten.

Am 2. Joer gi mir méi wäit a stellen d’Internationalitéit an d’Diversitéit an de Mëttelpunkt. D’Wäerter vun eisem Zesummeliewen an enger Gesellschaft mat ganz verschiddene Kulture ginn an d’Vitrinn gestallt. Mir kënnen dës Wäerter natierlech op internationale Campen am Ausland erliewen mee och hei am Land duerch d’Kenneléiere vun alle méigleche Gebräicher.

Am 3. Joer erliewe mir de Guidissem a Scoutissem am Kontext vun eiser Gesellschaft. Mir setzen ons an fir all eis Matmënschen. Dat Joer ginn dofir d’Participatioun an d’BA (Bonne Action) grouss geschriwwen.


1. Joer: Komm mat…eraus! Komm mat…an d’Natur!

Esou kéint een dat éischt Joer vum Mot d’ordre zesummefaassen.

Eist Ëmfeld dobaussen an déi domat verbonne Natur bitt eis all eng ideal Platz fir onendlech vill Entdeckungen ze maachen an Aventuren ze erliewen. Et ass eng Platz, op där een all méiglech Formen, Materialien oder Gerécher ka kenne léieren an op där ee ganz vill verschidden Déieren, Liewewiesen oder Planze ka fannen. Et ass eng Plaz, vun där mir onmoosseg vill kënne léieren an déi eis et erméiglecht eis eege Fräiheet ze erliewen.

Duerch Spiller an Aktivitéiten dobausse wëlle mir eise Liewensraum besser kenne léieren. Mir sinn aktiv a setzen eis mat eiser Ëmwelt auserneen a léieren esou, se besser ze verstoen. Doduerch, datt all Guiden a Scoute mat um Programm kënne schaffen, datt jiddereen dierf matbestëmmen a wéi eng Richtung hie wëll goen, kënne mir eis eegen Ziler setzen an dës an eisem eegene Rhythmus erreechen.

Duerch d’Participatioun an d’Zesummeliewen a klenge Gruppen, wéi z.B. d’Sizainen oder d’Patrullen, ka jiddereen seng Selbstännegkeet weider entwéckelen a seng sozial Kompetenzen a Fantasie ausbauen. Op der anerer Säit kann ee bei Aktivitéiten déi duerch e Chef begleet ginn, Neies kenne léieren an esou säi Wëssen a säi Kënnen erweideren.

Nieft deene ville Méiglechkeeten, déi eis dobaussen zur Verfügung stinn, kann een och erliewen, dass et an eisem Liewe Saache ginn, déi méi grouss si wei mir als Eenzelen. All d’Elementer ronderëm eis, hänken zesummen a mir sinn en Deel dovun. Mir brauchen dëse System a mir mussen oppassen, datt dës Balance net aus dem Gläichgewiicht geréit. Dofir ass et wichteg, datt mir op eis an eis Matmënschen oppassen, mee awer och datt mir d’Ëmwelt ronderëm eis wäertschätzen a schützen.

Schonn de Lord Baden-Powell (Grënner vun de Scouten) war der Meenung, datt “d’Liewen ouni Aventuren (…) langweileg” wier. Dofir loosst eis all zesumme probéieren dobaussen, mat eise Frënn, dëst Joer e bëssi méi spannend ze maachen. Et läit an eiser Hand.


Komm mat…Challenge!

Am Kader vum Mot d’ordre huet d’Programmekipp eng Challenge lancéiert. Jiddereen, aus egal wéi enger Branche, kann dorunner deelhuelen.

Hei ënnen drënner sinn dräi Dokumenter fir d’Chef

  1. Eng méi detailléiert Erklärung vun der Challenge
  2. Checklëscht fir d’Challenge (Biber & Wëllefcher)
  3. Checklëscht fir d’Challenge (ab Avex)

PDF

Komm mat...Challenge! Erklärung vun der Checklëscht

Eroflueden

PDF

Checklëscht fir Biber & Wëllefcher

Eroflueden

PDF

Checklëscht fir Avex, CaraPio & RaRo

Eroflueden