Friddensliicht 2020

Wéinst de Covid Restriktioune konnte mir als „Equipe d’animation spirituelle“ d’Friddensliicht net wéi virgesinn op enger Plaz verdeelen, mir hunn dofir an Zesummenaarbecht mat dem Sandweiler Grupp e Wee gesicht fir awer déi ze erreechen déi ons all Joer beim Verdeele vum Liicht hëllefen an domat onse Partenariat mam Niger ënnerstëtzen.

Mir hunn also ons Verdeelerpunkten op 4 memorabel Plazen am Land verdeelt, wou all kéiers eng kleng Zeremonie zu engem bestëmmten Aspekt zum Thema Fridde statt fonnt huet.

Stad Shoah Denkmal – Fridden tëschent de Reliounen

Wolz Streikmonument – Fridden an Engagement

Sandweiler Militärkierfecht – Krich a Fridden

Déifferdeng Giele Botter – Fridden an Natur

Doraus ass dëse Film entstan.

 

Hei ass de Bäitrag vun de Sandweiler Avex