Branchen

Biber (6 - 8)

Mir wëllen de Kanner d´Liewen am Grupp, wou ee fir deen aneren do ass, de Respekt fir deen aneren a fir d’Natur méi no bréngen. D'Kanner solle fir déi Welt op där mir alleguer zesummeliewen, begeeschtert ginn. Duerch d’Kniwwel sollen d´Kanner hir eegen Talenter entdecken a mat verschiddene Materialie Bekanntschaft maachen. Duerch d´Spill an der Natur kënnen d´Kanner sech op eng aktiv an experimentell Manéier mat hirem Ëmfeld an hirer Ëmwelt auserneesetzen.

Wanns du bei d'Biber komme wëlls, da mell dech ënner biber@lgs.lu

Wëllefcher (8 - 11)

Si entdecken, fuerschen, léieren, schléisse Frëndschaften,….an dat alles bei eis an de Versammlungen. Mir maachen allerhand interessant Aktivitéiten, ginn zesummen op Sortien an op 2-3 Weekender. Den Héichpunkt vum Scoutsjoer ass de Summercamp; dat ass ëmmer e super Erliefnis. Do schlofe mir 4 Nuechten hei am Land an engem flotte Chalet. Nach méi kuerz a knackeg gesot, léieren d‘Kanner an de Wëllefcher ganz elementar Wäerter kennen: Solidaritéit, Verantwortung, Hëllefsbereetschaft, Matgefill, Geschécklechkeet, a.s.w.

Wanns du bei d'Wëllefcher komme wëlls, da mell dech ënner wellefcher@lgs.lu​

AvEx (11 - 14)

An den AvEx geet et drëms fir ëmmer méi u Selbstännegkeet ze gewannen a fir sech an anerer Verantwortung ze iwwerhuelen. Déi Jugendlech ginn ëmmer méi an de Choix, d’Organisatioun an d’Ausféierung vun den Aktivitéiten agebonnen, getrei dem Motto vum Baden Powell “Ask the boy/girl”. Och de Prinzip vum “learning by doing” gëtt an den AvEx groussgeschriwwen, well een doduerch ëmmer rëm nei Saache léiert an iwwert sech erauswuesse kann. Mir probéieren eis Versammlunge fir déi Jugendlech sou flott ewei méiglech ze gestalten, an dobäi steet Spaass un éischter Stell. Och op Weekender, Sortien an um alljäerleche Summercamp erliewe mir onvergiesslech Momenter zesummen.

Wanns du bei d'AvEx komme wëlls, da mell dech ënner avex@lgs.lu​

CaraPio (14 - 17)

Ganz vill Wäert gëtt geluecht op Matbestëmmung, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéie vun Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d’Matverantwortung an den Engagement groussgeschriwwe ginn. Am Laf vum Joer ginn 1-2 Weekender geplangt, an den Héichpunkt vum Joer ass e Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland ass a wou am Zelt geschlof gëtt.Mir probéieren eis Versammlunge fir déi Jugendlech sou flott ewei méiglech ze gestalten, an dobäi steet Spaass un éischter Stell. Och op Weekender, Sortien an um alljäerleche Summercamp erliewe mir onvergiesslech Momenter zesummen.

Wanns du bei d'CaraPio komme wëlls, da mell dech ënner carapio@lgs.lu​

RaRo (17 - 23)

D’Ziler vun de RaRo orientéiere sech un de Besoinen vun de jonken Erwuessenen. D’grousst Zil ass, dass déi jonk Erwuesse lues a lues duerch Aktioune bewosst un hirem Erwuesse-sinn an Engagéiert-si schaffen. De Grupp, wou d´RaRo sech treffen, nennt sech Clan. Dëse Clan trefft sech reegelméisseg a Versammlungen a setzt sech Ziler a Reegelen. D´RaRo léieren zesumme schaffen an huelen Decisiounen zesummen.

Wanns du bei d'RaRo komme wëlls, da mell dech ënner raro@lgs.lu