Programm

Adventure

De Schwéierpunkt vun den LGS läit am Beräich vun den Adventure- an Outdooraktivitéiten. Mir probéieren de Jonken eng Ofwiesslung zum Alldag ze bidden an hieren Entdeckergeescht unzereegen. Dofir maache mir esou vill wéi méiglech Gruppenaktivitéiten dobaussen.

Kreativ, innovativ, ofwiesslungsräich

Duerch eis ofwiesslungsräich Aktivitéite gi mir de Jonken e Raum fir Saachen auszeprobéieren an z’erfuerschen. Nom Prinzip vum „Learning by Doing“ kréien déi Jonk d’Méiglechkeet sech kreativ a selbstänneg un der Gestaltung vun hierem Programm ze bedeelegen.

Challenge

Déi perséinlech Erausfuerderung an de Spaass stinn am Mëttelpunkt vun eisen Aktivitéiten. Doduerch erméigleche mir et deem Eenzelnen Neies ze erléieren, seng Stäerkten auszebauen an iwwer sech selwer eraus ze wuessen.

Internationalitéit

Als Deel vun der Guiden- a Scoutsbeweegung, déi op der ganzer Welt vertrueden ass, bidden d’LGS d’Méiglechkeet Frëndschaften iwwer all Grenzen an Ënnerscheeder ewech ze schléissen. Doriwwer eraus engagéiere mir eis a verschiddene Länner mat de Jonken op der Plaz fir gezilt Projete fir ENG Welt ze réaliséieren.