LGS – Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Désolé, cet article est seulement disponible en LU.

D‘Lëtzebuerger Guiden a Scouten, de gréissten edukative Jugendmouvement zu Lëtzebuerg

D’Lëtzebuerger Guiden a Scoute kuerz LGS, bidden de Jonken eng Ofwiesslung zum Alldag a wëllen hiren Entdeckergeescht ureegen.
Dofir maache mir esou vill wéi méiglech Gruppenaktivitéiten dobaussen. Nom Prinzip vum „Learning by Doing“ kréien déi Jonk  d’Méiglechkeet sech kreativ a selbstänneg un der Gestaltung vun hirem Programm ze bedeelegen.

Fir Jonker ab 6 Joer

An de 5 Branchen (Altersgruppen), déi een altersspezifesche Programm ubidden, kann all Eenzele flott Erfarunge maachen, Frëndschafte schléissen, sozial Fäegkeete léieren an sech perséinlech weider entwéckelen. Ënnert anerem léieren déi Jonk d’Natur ze respektéieren
an iwwer sech selwer an hiert Ëmfeld nozedenke fir sech spéider aktiv, och fir anerer, anzesetzen.

Déi 5 Branchen vun den LGS:
– Biber 6-8 Joer
– Wëllefcher 8-11 Joer
– AvEx 11-14 Joer
– CaraPio 14-17 Joer
– RaRo 17-23 Joer

Fir mech, fir dech, fir eis, fir jiddereen

Duerch eis Prinzipie wëlle mir déi Jonk dorop virbereeden, spéiderhi Responsabilitéit fir sech a fir anerer ze iwwerhuelen. An deem Sënn bidden eis benevole Cheffen de Jonken en oppene Kader, wou jiddereen aktiv matmaachen a matbestëmme soll.

216 Länner- 41 Millioune Scouten

Als Deel vun der Guiden- a Scoutsbeweegung, déi op der ganzer Welt vertrueden ass, bidden d’LGS d’Méiglechkeet Frëndschaften iwwer d’Grenzen ewech ze schléissen. Doriwwer eraus engagéiere mir eis a verschiddene Länner,an Zesummenaarbecht mat eiser
ONG „Lëtzebuerger Guiden a Scoute fir ENG Welt“, Projete mat eise Jonken op der Platz gezielt ëmzesetzen.