Kaartenaktioun

Sorry, this entry is only available in LU.

Léif Biber, Wëllefcher an Avex

Wéi dir vläicht scho matkrut hutt, ginn déi bësse méi “al” Scouten (Carapio, RaRo, Albatrossen a Chef) elo scho säit e puer Wochen fir déi eeler oder krank Leit aus äre Gemengen akafen. Esou hëllefen si deene Leit an dëser Zäit, wou een esou vill wéi méiglech soll doheem bleiwen, a versuergen si mat allem wat se brauchen.

Dir kennt nach net fir aner Leit akafe goen. Dat heescht awer net, dass dir guer näischt maache kënnt. De Moment si ganz vill eeler Leit eleng doheem, well se kee Besuch méi dierfe kréien. Fir dass si sech net esou eleng villen kanns du hinnen e Bréif schreiwen, een Ouschterbild molen oder eng kleng Ouschterkaart bastelen. Dës kanns du dann enger eelerer Persoun aus denger Noperschaft an d’ Boîte geheien goen. Du kanns awer och deng Eltere froen fir se u Leit ze schécken, déi an engem Altersheim wunnen. Egal wien däi Bild oder deng Kaart wäert kréien, si wäerten sech bestëmmt immens driwwer freeën.

Mir hunn iech e puer Virlagen preparéiert, déi dir kënnt notzen. Natierlech kënnt dir ärer Kreativitéit awer och fräie laf loossen an är eegen Biller oder Kaarte gestalten.

Vill Spaass beim gestalten vun ären Ouschterwënsch!

PDF

Biber - Ouschteren Motiv 1

Eroflueden

PDF

Biber - Ouschteren Motiv 2

Eroflueden

PDF

Biber - Ouschteren Motiv 3

Eroflueden

PDF

Biber - Ouschteren Motiv 4

Eroflueden

PDF

Biber - Ouschteren Motiv 5

Eroflueden

PDF

Avex - Frëndschaftsknuet aus Pabeier

Eroflueden