Zil vun den Odyssee Projeten ass et, Jonken den Abléck an
eng aner Liewensaart a Weis ze ginn, wi di eegen. Duerch
dës eenzegaarteg Form vun direktem Austausch kréien di
Jonk aus zwou Kulturen d’Méiglechkeet, hiren Horizont ze
erweideren an sech esou en eegent Bild iwwert d’Liewen
op anere Plaze vun der Welt ze maachen.
Method, fir de Kontakt mat Jonken aus enger anerer Kultur
opzebauen, ass zesummen ze schaffen. Esou ginn op de
Projete Chantieren, wi z.B. d’Baue vu Schoulen, Renovéieren
a Beem planzen, realiséiert.
Partner vun de Projeten si lokal Guiden a Scoutsgruppen.
Zesumme mat Jonke vu der Plaz erliewen d’lëtzebuergesch
Guiden a Scouten e Scoutscamp vu 2 bis 3 Wochen.
Eng 750 RaRo hu bis elo duerch Odyssee Projeten
onvergiesslech Momenter erlieft.
Finanzéiert ginn d’Chantieren duerch Spenden a
Finanzaktioune wéi z.B. Grille viru Geschäfter a
Benefiziessen, wu all Jonken, dee mat geet, aktiv dru
bedeelegt ass. Di eege Rees an den Openthalt am respektive
Land bezilt all Jonke selwer.
1988 huet déi national RaRo Ekipp deen éischte Camp zu
Mboro am Senegal organiséiert.
2001 kruten d’Projeten den Numm „ODYSSEE“. All 3-4
Joer ginn déi Jonk am Alter vu 17 bis 23 Joer op Campen am
Ausland. Déi Jonk ginn iwwert e Joer intensiv op dës Projete
virbereed an an d’Organisatioun aktiv mat agebonnen.
Länner wou bis elo Odyssee Campe woren:
Senegal Bosnien Äthiopien
Niger Georgien Brasilien
Haiti Indien Marokko
Vietnam Chile Bolivien
