Kontext
De Service SAFAB (Service d‘Assistance aux Formateurs et Animateurs Bénévoles) regroupéiert all déi Mataarbechter, déi vun der Fondatioun LGS engagéiert goufen, fir am Intérêt vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ze schaffen. De SAFAB besteet aus enger pädagogescher Equipe an enger administrativer Equipe. Béid Equippe gi vun enger Persoun koordinéiert.
De Coordinateur pédagogique ass nieft der Coordinatioun vun der pädagogescher Equipe och fir d’Gesamtcoordinatioun vum SAFAB zoustänneg.
Gesicht gëtt eng Persoun fir een CDI 40 Stonnen/Woch an der Carrière C6 vum CCT SAS.
Missiounen an Aufgaben
D’Missioune vum Coordinateur pédagogique sinn:
- Coordinatioun vun der pädagogescher Equipe matt hire Projeten an de Beräicher:
- Evenementer a Campe vum Verband
- Programmer vum Verband
- Formatiounen
- Ënnerstëtzung vun de lokale Gruppen
Zu den Aufgaben an deem Beräich gehéieren:
- Aarbechtsopdeelung an Aarbechtspläng opstellen
- Suivi vun de Projetën, déi der Equipe opgedroe ginn, assuréieren
- An eenzelnen Dossiere selwer Verantwortung iwwerhuelen
- Entwécklungen am Guidissem an Scoutissem am Inland an am Ausland sou wéi am Jugendberäich op nationalem Plang suivéieren a dorop reagéieren
- Ofstëmme vun den Aktivitéite vun der Equipe pédagogique matt der administrativer Equipe an dem Verband
Zu den Aufgaben an deem Beräich gehéieren:
- Ofstëmme mat dem Coordinateur administratif (m/f)
- Matschaffen an Aarbechtsgruppe vum Verband
- Reegelméissegen Austausch matt der Verbandsspëtzt an de Responsabele vun der Fondatioun
- Representatioun vum SAFAB innerhalb vum Verband an ausserhalb
Äre Profil
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom am sozio-edukative Beräich (Carrière C6, CCT SAS)
- Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
- Sproochen Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch (Kenntnisser vum Lëtzebuergeschen si Viraussetzung)
- Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
- Wäertschätzung a Kooperatiounsfäegkeet
- Flexibilitéit Teamfäegkeet an Hëllefsbereetschaft
- Bereetschaft sech mat a fir Kanner a Jonker ze engagéieren
Kandidature sinn eranzeschécken un:
Fondatioun LGS
c/o M. Gilbert BEISSEL
gilbert.beissel@lgs.lu
bis den 30.05.2025
Kontext
De Service SAFAB (Service d‘Assistance aux Formateurs et Animateurs Bénévoles) regroupéiert all déi Mataarbechter, déi vun der Fondatioun LGS engagéiert goufen, fir am Intérêt vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ze schaffen. De SAFAB besteet aus enger pädagogescher Equipe an enger administrativer Equipe.
De Coordinateur administratif ass fir d’administrativ Equipe zoustänneg.
Gesicht gëtt eng Persoun fir een CDI 40 Stonnen/Woch an der Carrière C6 vum CCT SAS.
Missiounen an Aufgaben
D’Missioune vum Coordinateur administratif sinn:
- Coordinatioun vun der administrativer Equipe mat hiren Aufgaben an de Beräicher:
- Sekretariat
- Budget & Comptabilitéit
- Ressources humaines
- Kommunikatioun
- Gestioun Infrastrukturen & Logistik
Zu den Aufgaben an deem Beräich gehéieren:
- Aarbechtsopdeelung an Aarbechtspläng opstellen
- Suivi vun den Aufgaben, déi der Equipe opgedroe ginn, assuréieren
- An eenzelnen Dossiere selwer Verantwortung iwwerhuelen
- Ofstëmme vun den Aktivitéite vun der administrativer Equipe mat der pädagogescher Equipe an dem Verband
Zu den Aufgaben an deem Beräich gehéieren:
- Ofstëmme matt dem Coordinateur pédagogique (m/f)
- Mattschaffen an Aarbechtsgruppe vum Verband
- Reegelméissegen Austausch matt der Verbandsspëtzt an de Responsabele vun der Fondatioun
Äre Profil
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom BAC+3 an der gestion administrative
- Ganz gutt Computerkenntnisser (MS-Office)