D’Formatiounen bei den LGS:
D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) begleeden jonk Leit op hirem Wee an d’Liewen. Am Guidismus a Scoutismus léieren si, sech selwer a Relatioun zu anere Mënschen an zur Natur ze entdecken. Wäerter wéi Zouverlässegkeet, Éierlechkeet, Hëllefsbereetschaft a Respekt stinn am Zentrum vun eiser Aarbecht. Duerch praktesch Erliefnesser, Outdoor-Aktivitéiten an Zesummenhalt an der Grupp entwéckelen d’Kanner a Jugendlecher wichteg Kompetenzen wéi Teamfäegkeet, Problemléisung an d’Bereetschaft Verantwortung ze iwwerhuelen. De Guidismus a Scoutismus bitt hinnen e Raum, fir sech perséinlech ze entwéckelen an sech aktiv an d’Gesellschaft anzebréngen.
Zesumme wuessen, Verantwortung iwwerhuelen an Zukunft gestalten
Eise Jugendmouvement baut staark op d’Engagement vu benevole Cheffen, déi sech mat vill Motivatioun fir déi jonk Generatioun asetzen. Fir si optimal op hir Roll als Begleeder a Virbild virzebereeden, organiséieren d’LGS eng breet Palette u Formatiounen. Dës Formatiounen si speziell un d’Besoine vun de verschiddenen Branchen (Biber, Wëllefcher, AvEx, CaraPio, RaRo) ugepasst a vermëttelen pedagogesch Kenntnisser, praktesch Fäegkeeten a Wäerterorientéierung.
D’Qualitéit vun eise Formatiounen fir benevole Jugendcheffen gin doduerch valoriseiert dass sie vum Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse mam engem Brêvet d’animateur validéiert gin. Duerch dës Zertifizéierung kréien eis Cheffen en offizielle Brevet, deen hir Kompetenzen unerkennt an och ausserhalb vun hierem Engagement bei den LGS wäertvoll ass.
Entdeck eis Formatiounen
D’Detailer iwwer d’Dauer an d’Viraussetzunge vun eisen Formatiounen fënns du op der Homepage:
Formatioun | Beschreiwung | Zilgrupp | Dauer | Detailer: |
Aide-Animateur (Brevet B) | Basisformatioun fir zukünfteg Cheffen | Jonker ab 16 Joer dei wellen Chef gin | 75 Stonnen Theorie an 75 Stonnen Praxis | [Link] |
Animateur (Brevet C) | Formatioun fir Repsonsabelen Chef vun enger Brnache ze gin |
Cheffen dei den Brevet B oofgeschloss gin an wellen Responsabel vun hierer Branche gin |
75 Stonnen Theorie an 75 Stonnen Praxis |
[Link] |
Gruppenchef (Brevet E) | Formatioun fir Gruppencheffen | Erwuessener Cheffen | 25 Stonnen | [Link] |
Temporären Héichseelgaart (Brevet D) |
Formatioun fir temporären Héichseelgaart opzeriichten an mat Jonken ze notzen |
Cheffen mat oofgeschlossener Formatioun | 25 Stonnen | [Link] |
Maach mat!
Bass du interesseiert, deng Kompetenzen ze erweideren, nei Frëndschaften ze knäppen an Deel vun enger dynamescher Jugendbewegung ze ginn? Fir méi Detailer iwwert eus Formatiounen ze kréien, klickt einfach op déi entspriechend Linken. Solls du Froen hunn oder dech direkt fir eng Formatioun umellen wëllen, zéckt net, eis ze kontaktéieren. Mir freeën eis scho ganz op deng Participatioun an eise Formatiounen!