Aus dem fréiere „Mot d’ordre“ gëtt ab elo de „roude Fuedem“. Dëse gëtt de Gruppen vun den LGS fir déi kommend dräi Joer eng kloer Visioun vir: „Mir wuessen zesummen“.
An enger Gesellschaft, déi ëmmer méi individualistesch gëtt, setze mir als LGS bewosst e staarkt Zeeche fir Zesummenhalt, Hëllefsbereetschaft a fräiwëllegt Engagement. Mir schafen eng Plaz, wou jiddereen wëllkomm ass a wou mir souwuel als staark Gemeinschaft wéi och als eenzel Perséinlechkeet wuesse kënnen.
Déi dräi Joeres-Schwéierpunkten am Iwwerbléck:
-
2026/2027 – Zesummenhalt: Plazen a Méiglechkeete schafen, wou jiddereen – onofhängeg vu Background, Alter oder Fäegkeeten – seng Plaz fënnt an zum Grupp bäidréit. Mir wuessen als Grupp zesummen a jiddereen eenzel kann am Grupp wuessen.
-
2027/2028 – B.A. (Bonne Action)
-
2028/2029 – Benevolat
Mir notzen dës dräi Joer, fir zesummen ze wuessen!
