D’RAP Ekipp huet hier Aarbecht ofgeschloss an d’Methode, souwuel déi iwwerbranchlech wei och dei branchespezifesch stinn. Lo ass et um ganze Verband fir des Texter mat Annexen ze komplettéieren, fir dass eis Chef d’Methoden an hiren Aktivitéite ëmsetzen kennen.
Vue dass vill vun eis net direkt beim Ausschaffen vun de Methoden derbäi waren, ass et wichteg dass mir all um selwechte Stand sinn.
Dofir proposéiert de Comité eng Versammlung mat all de Memberen vun den Ekippen. Wärend dësem Moien wäert d’RAP Ekipp déi verschidde Methode virstellen an erklären.
Dofir haalt iech den 9.Mee 2021 fräi. Mir treffen eis vun 9:00 bis spéitstens 13:00 am Conservatoire an der Staat. Hei hu mir déi néideg Platz fir all d’Restriktiounen kennen anzehalen.
Wéinst den aktuelle COVID-19 Mesure musst dir iech fir dese Schaffdag un- respektiv ofmellen.
