COVID-19

Dës Säit gouf fir d’läscht den 08. Januar 2021 aktualiséiert.

 

Léif Cheftainen a Chef,

Wéi dir wësst, gëtt en Deel vun de Restriktiounen am Kontext vun der Covid-19 Pandemie nom 10. Januar nees opgehuewen, ënner anerem ginn d’Schoule rëm op. Dat bedeit och dass Guiden- a Scoutsaktivitéiten ënner verschiddene Konditiounen, vum 11. Januar un, erëm erlaabt sinn.

Vun elo u si folgend Moossnamen ze respektéieren :

  • D’Aktivitéite (Versammlungen a Sortien) fannen a Kontaktgruppe vu maximal 10 Leit (Kanner/Jugendlecher a Chefs zesummen) statt.
  • Eng Kontaktgrupp muss wärend der ganzer Aktivitéit vun deene selwechte Chefs betreit ginn.
  • E puer Kontaktgruppe kënnen zum selwechten Zäitpunkt eng Aktivitéit op deem selwechte Site hunn, ënnert der Konditioun dass se permanent Distanz zu eneen halen a sech net vermëschen.

Folgend Reegele gëllen och elo nees :

  • D’Aktivitéite sinn all dobaussen.
  • Jiddereen huet wärend der ganzer Aktivitéit eng Mask un.
  • Iwwernuechtunge si weiderhin net erlaabt.
  • Et däerf just dann zesumme giess ginn, wa jidderee seng eegen „Lunchtuut“ kritt. Et muss och dobausse giess ginn a jidderee muss dobäi eng Distanz vun op d’mannst 2 Meter zu deenen aneren anhalen.

Mir hoffen, dass dir trotz dëse Restriktioune flott Aktivitéite kënnt organiséieren. Als Guiden a Scouten kënne mir de Jonken, déi bei eis kommen, et erméiglechen, an engem geschützte Kader aktiv ze sinn, fir dass si esou gutt ewéi méiglech duerch dës Zäit kommen.

Mir soen iech e grousse MERCI fir äert Engagement, är Flexibilitéit an äre super Asaz.

Marc WEIS an Angélique KRIER, TEAM

David HECK, LGS-Dokter

PDF

COVID-19 Rotschléi - V7.0

Eroflueden