Bestellung Multifunktiounsschal

Léif Cheftainen a Chef,

Nom grousse Succès am Summer an der grousser Nofro aus de lokale Gruppen ass et elo nees méiglech LGS Multifunktiounsschalen ze bestellen.

 

Duerch déi aktuell Situatioun wëlle mir eise Gruppen a Memberen d´Méiglechkeet ginn, esou e Multifunktiounsschal ze kafen. Mat dësem Multifunktiounsschal hues du super vill Méiglechkeeten. E kann zum Beispill um Kapp oder ronderëm den Hals géint d´Keelt gedroe ginn, als Hoerlastik, oder awer als Mond- an Nueseschutz, fir dech a virun allem déng Matmënsche géint de COVID-19 ze schützen.

Den héichwäertege Multifunktiounsschal gëtt an Europa produzéiert a bedréckt. Heimat setze mir eis fir den Ëmweltschutz duerch kuerz Transportweeër a géint Kanneraarbecht an.

Wéinst der grousser Demande aus de Gruppe bidde mir iech d’Méiglechkeet d’Multifunktiounsschalen zu den nämmlechte Konditiounen nozebestellen (2,25€/Stéck).

Ab Januar wäerten des dann och am LGS Shop ze kréie sinn, wou mir se awer aus TVA a Käschtegrënn e bësse méi deier musse verkafen. Profitéiert dofir elo nach eng Kéier vun dëser attraktiver Offer. D’Rechnung kritt dir automatesch per Email no der Bestellung zougeschéckt.

Soubaal dëse Produit am Shop ze kréien ass wäerte mir iech informéieren.

Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,

D’PR-Ekipp

*Mir wëllen drop hiweisen dass et sech net em e Multifunktiounsschal vun der Mark “Buff” handelt