#ScoutenDoheem

Dës Säit gëtt net méi aktualiséiert.

Léif Guiden a Scouten, Léif Elteren, Léif alleguer,

wéi dir all wësst si wéinst dem Coronavirus am Moment keng Guiden- a Scoutsversammlungen.

Fir deem entgéintzewierken, lancéiere mir dofir den 3. Abrëll eis Aktioun #ScoutenDoheem.

All Woch publizéieren eis verschidde Branchen op dëser Plaz flott Aktivitéite fir Doheem.

Do dernieft ginn et awer och vill aner Flott Aktivitéite fir Doheem. De Weekend vum 3. bis de 5. Abrëll ass z.B. d’Spezial Editioun vum “Jamboree On The Internet”.

Mir hoffen datt dir d’Zäit bis déi nächst Guiden- a Scoutsversammlungen esou besser iwwerbrécke kënnt.