{"id":2689,"date":"2020-07-12T22:49:38","date_gmt":"2020-07-12T20:49:38","guid":{"rendered":"https:\/\/lgs.lu\/?page_id=2689"},"modified":"2025-05-08T18:59:39","modified_gmt":"2025-05-08T16:59:39","slug":"scoutsresistenzler","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/lgs.lu\/en\/iwwert-eis\/scoutsresistenzler\/","title":{"rendered":"Scoutsresistenzler"},"content":{"rendered":"<p class=\"qtranxs-available-languages-message qtranxs-available-languages-message-en\">Sorry, this entry is only available in <a href=\"https:\/\/lgs.lu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/2689\" class=\"qtranxs-available-language-link qtranxs-available-language-link-lb\" title=\"LU\">LU<\/a>.<\/p><em>Kontakt L\u00ebtzebuerger Scouten an der Resistenz: <a href=\"mailto:LSR@lgs.lu\">lsr@lgs.lu<\/a><\/em><\/p>\n<h2>De Verband vun de L\u00ebtzebuerger Scouten (LS)\u00a0an der Resistenz 1940-1945<\/h2>\n<p>Den 2. September 1939, hunn d\u00e4itsch Truppen Polen iwwerfall. Doduerch\u00a0waren d\u00e9i Alli\u00e9iert, England a Frankr\u00e4ich laut Ofkommes mat Polen\u00a0engag\u00e9iert, D\u00e4itschland de Krich ze erkl\u00e4ren, deen no an no zum 2.\u00a0Weltkrich ausgewuess ass. Doduerch stong eist Land virun enger\u00a0ongew\u00ebsser Zukunft.<\/p>\n<p>An d\u00ebser Perspektiv stong de Chefdag vun de L\u00ebtzebuerger Scouten de\u00a016. September 1939 \u00ebnnert dem Motto \u00ab DER HEEMECHT ZE DENGEN\u00bb. Den deemolege Commissaire G\u00e9n\u00e9ral Aloyse Hentgen, huet en Appel\u00a0un d\u2019Bereetschaft vun alle Chef a Rover geriicht an ausgeruff \u00ab d\u2019Scoute si\u00a0mobilis\u00e9iert \u00bb. Dorop huet eng grouss Zuel vu Scouten\u00a0d\u2019Eischth\u00ebllefscours\u00eb vum Roude Kr\u00e4itz besicht.<\/p>\n<p>An der Nuecht vum 9. op den 10. Mee 1940, hunn dem Hitler seng Arm\u00e9i\u00ebn och eist Land iwwerrannt, an dat trotz\u00a0offiziellen Deklaratiounen deen Dag virdrun, d\u2019Neutralit\u00e9it vu L\u00ebtzebuerg ze respekt\u00e9ieren. Vun do u bis d\u2019Joer 1945 gouf\u00a0eist kleng a friddlecht Land \u00ebnnerdr\u00e9ckt an terroris\u00e9iert mat dem Zil, L\u00ebtzebuerg fr\u00e4iw\u00eblleg oder gezwongen ze\u00a0annekt\u00e9ieren. Fir dat m\u00e9i s\u00e9ier ze realis\u00e9ieren, gouf eist Land am August 1940 \u00ebnnert d\u2019Zivilverwaltung gestallt mat\u00a0engem Gauleiter un der Sp\u00ebtzt.<\/p>\n<p>Vun do un, huet d\u2019l\u00ebtzebuerger Vollek der Nazityrannei d\u2019Stir gebueden. Hei e Saaz aus dem \u201eSicherheits-Bericht\u201c vum\u00a025. Juni 1940, deen an eisem Statsarchiv \u00ebnner AEL-SD\/A4\/Bl.3 enregistr\u00e9iert ass an deem d\u2019Haltung vun den LS den\u00a0Nazi vis-\u00e0-vis vun Ufank un esou festh\u00e4lt: \u201cInnerhalb der Schulen und Internate zeigen sich nach wie vor die\u00a0katholische Pfadfinder als die fanatichsten Gegner deutsch-freundlich gesinnter Sch\u00fcler\u201c. Aus der individueller\u00a0Resistenz ass gl\u00e4ich d\u00e9i organis\u00e9iert Resistenz entstan. Sou ass op Initiativ vun den dr\u00e4i Distriktscommissaire vun de\u00a0L\u00ebtzebuerger Scouten , Tony NOESEN (Norden), Georges EVERLING (Zentrum) a Jang MULLER (S\u00fcden), de 15. Juli\u00a01940 d\u00e9i \u00e9ischt L\u00ebtzebuerger Ls-Resistenzorganisatioun op d\u2019Bee gesat ginn. Kuerz duerno, de 15. August 1940,\u00a0kommen iwwer 40 Chef a Rover aus dem S\u00fcddistrikt zu Esch am W\u00ebllefcherssall \u00ebnnert der Grenzer Kierch zesummen,\u00a0wou beschloss gouf, Resisitenz ze leeschten, mee d\u2019Bouwen aus dee\u00ebr gef\u00e9ierlecher Saach erauszehalen. Bei d\u00ebser\u00a0Gelee\u00ebnheet hu si hiert Scoutsverspriechen op de l\u00ebtzebuerger F\u00e4ndel erneiert. Dat war deen \u00e9ischten Akt, vun der\u00a0\u00e9ischter Resistenzorganisatioun.<\/p>\n<a href=\"https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/Scouten-am-Zweete-Weltkrich-L\u00ebtzebuerger-Guiden-a-Scouten-1.jpg\"><img fetchpriority=\"high\" decoding=\"async\" class=\"alignnone wp-image-2700 size-full\" src=\"https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/Scouten-am-Zweete-Weltkrich-L\u00ebtzebuerger-Guiden-a-Scouten-1.jpg\" alt=\"\" width=\"800\" height=\"507\" srcset=\"https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/Scouten-am-Zweete-Weltkrich-L\u00ebtzebuerger-Guiden-a-Scouten-1.jpg 800w, https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/Scouten-am-Zweete-Weltkrich-L\u00ebtzebuerger-Guiden-a-Scouten-1-300x190.jpg 300w, https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/Scouten-am-Zweete-Weltkrich-L\u00ebtzebuerger-Guiden-a-Scouten-1-768x487.jpg 768w, https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/Scouten-am-Zweete-Weltkrich-L\u00ebtzebuerger-Guiden-a-Scouten-1-350x222.jpg 350w\" sizes=\"(max-width: 800px) 100vw, 800px\" \/><\/a>\n<p>Di meescht Truppen aus dem LS-Verband sinn esou w\u00e4it dat m\u00e9iglech war, mat hiren Aktivit\u00e9iten weidergefuer, bis den\u00a023. August 1940 de \u00ab Stillhaltekommissar \u00bb \u00ebnnert aneren och d\u2019Scouten- a Guideverb\u00e4nn verbueden huet. Vun do u\u00a0sinn uechter d\u2019Land aus den LS-Truppen kleng Resistenzgruppen entstan, d\u00e9i no an no zu enger gr\u00e9isserer\u00a0Organisatioun zesummegewues sinn. Kuerz duerno sinn och nach aner Resistenzgruppen am Land gegr\u00ebnnd ginn.<\/p>\n<p>Aus dem Verschm\u00eblzen vun e puer patrioteschen Organisatiounen ass d\u2019LVL \u00ab L\u00ebtzebuerger Voll\u00e9kslegioun \u00bb am Abr\u00ebl\u00a01941 ervirgaang. D\u2019Strukture vun der LVL ware villfach d\u00e9i vum L\u00ebtzebuerger Scoutsverband. Sou waren am ieweschte\u00a0Legiounsrot dr\u00e4i Vertrieder vun den LS an ee Vertieder vun der LPL. Eischte President gouf de Georges EVERLING, dee\u00a0no der Verhaftung vun deenen dr\u00e4i LS-Vertrieder , vum Lucien DURY, Scoutschef zu M\u00e4rel als President ersat gouf. An\u00a0d\u00e4er Folleg huet sech d\u2019LVL als d\u00e9i bescht organis\u00e9iert Resistenzgrupp erwisen.<\/p>\n<p>An enger anerer Organisatioun, der LPL, huet och ee vun eise Commissairen an e puer Chef eng wesentlech Roll\u00a0gespillt. \u00cbnnert dee\u00ebr selwechter Inspiratioun huet de Scoutchef vun D\u00e9iferdang, den Ady Claude, de Grupp LFK\u00a0(L\u00ebtzebuerger Fr\u00e4iheets-K\u00e4mpfer) an d\u2019Liewe geruff. D\u00e9i meescht Organisatiounen hu wa noutwenneg\u00a0zesummegeschafft.<\/p>\n<p>De Scoutissmus war fir d\u00e9i jonk M\u00e4nner eng gutt Schoul, well de Gr\u00ebnner a Chef Robert BADEN POWELL, si duerch\u00a0seng Erz\u00e9iungsmethod ganz spezifesch op d\u2019Liewen an op hir Afferbereetschaft pr\u00e9par\u00e9iert hat. Esou waren si sech\u00a0bewosst, wat dat gewotent \u00ab Spill \u00bb, op dat si sech agelooss hunn, matt sech br\u00e9nge k\u00ebnnt. Well dee klengste Feeler\u00a0konnt d\u2019Deportatioun an e KZ, d\u2019\u00cbmmsiedlungslager mat der Famill, d\u2019Konfisk\u00e9iere vum Verm\u00e9igen, laang<\/p>\n<p>Prisongsstrofen an esouguer d\u2019Doudestrof mat hire brutalste Vatianten no sech z\u00e9ien. Mir waren eis am kloren iwwert\u00a0d\u2019Brutalit\u00e9it vum Nazigesetz an dach hu bis op w\u00e9ineg Ausnahmen ganz vill vun eise Chef, Aum\u00f4nieren a Rover, vill\u00a0Cheftainen an och Scouten sech do wou et drop ukoum, g\u00e9int den Nazitrerror gest\u00e4ipt.<\/p>\n<p><strong>Hei e puer Beispiller, d\u00e9i den Asaz an d\u2019Engagement vun den LS-Scouten am Krich illustr\u00e9ieren :<\/strong><\/p>\n<p>Fir den 10. Oktober 1941 hat di d\u00e4itsch Zivilverwaltung eng \u00ab Personenstandsaufnahme \u00bb virgeholl, d\u00e9i direkt vun der\u00a0Resistenz als verkappte Referendum erkannt gouf. D\u2019L\u00ebtzbuerger hunn sech zu 95% fir hir Nationalit\u00e9it ausgedr\u00e9ckt an\u00a0hunn op de Formul\u00e4r dr\u00e4imol \u00ab l\u00ebtzebuergesch \u00bb amplaz \u00ab deutsch \u00bb geschriwwen. Fir d\u2019Preisen war dat en Debakel, fir\u00a0d\u2019Resistenz e groussen Erfolleg, un deem d\u2019LS-Scouten e groussen Undeel haten, andeems si bei Dag a bei Nuecht\u00a0dausende vun Trakten heemlech verdeelt hunn. D\u2019Naziverwaltung huet d\u00e9i Blamage doutgeschwiegen an dee verkappte\u00a0Referendum virz\u00e4iteg ofgebrach. Dat war deen \u00e9ischte grousse Coup vun der Resistenz.<\/p>\n<p>Den 31.8.1942, no der Af\u00e9ierung vun der \u00ab Wehrpflicht \u00bb fir D\u2019Joerg\u00e4ng 1920-1924 (sp\u00e9ider 1925-1927), ass \u00ebnnert dem\u00a0Impuls vun de Resistenzorganisatiounen e Generalstreik ausgel\u00e9ist ginn. Fir d\u00ebsen onerwaarte Voll\u00e9ksopstand vun deem\u00a0klenge L\u00ebtzebuerg ze briechen, hun d\u2019Nazi\u00ebn d\u2019Standrecht ausgeruff, an deen Dag duerno gutt Patrioten als\u00a0ofschreckend Massnahm ex\u00e9kut\u00e9iert, dor\u00ebnner och de Scoutchef Nikki KONZ. Fir vill vun eise Chef a Rover war dat de\u00a0Wee an de Prisong, an d\u2019Konzentratiounslageren oder mat hirer Famill an Deportatioun, a fir d\u00e9i m\u00e9i jonk an e\u00a0paramilit\u00e4rescht Stroflager. D\u2019Affer vun de Patriote waren net \u00ebmsoss, well fir keng weider Blamage ze risk\u00e9ieren, huet de\u00a0Gauleiter d\u2019Joerg\u00e4ng 1918 an 1919 n\u00ebt agezun, w\u00e9i dat scho fir d\u2019Elsass a fir Lothr\u00e9ngen de Fall war.<\/p>\n<p>Enn 1942 an ufanks 1943 hunn e puer an den RAD (Reichsarbeitsdienst) ZWANGSrekrut\u00e9iert Jongen aus dem Lager\u00a0PEENEM\u00dcNDE op der Insel Usedom un der Ostsee, \u00ebnnert hinnen den Henri ROTH an och zwee LS-Scouten, de Pir\u00a0GINTER an de Lucien KOHN, ganz heemlech Skizzen an Erkl\u00e4rungen iwwert d\u2019Produktiounsplazen an\u00a0d\u2019Ofschossrampen vun de V1 a V2-Rak\u00e9iten (Vergeltungswaffen) opgezeechent. Den Henri ROTH huet s\u00e9ng Skizz u s\u00e4i\u00a0Papp Leo ROTH vun der LPL gesch\u00e9ckt. Dem Pir GINTER s\u00e9ng Opzeechnung gong un den Dr. SCHWACHTGEN vun\u00a0der LVL an d\u00e9i vum Lucien KOHN gong un de Raymond HAGEN och vun der LVL. D\u00ebs dr\u00e4i Messagen sinn un d\u00e9i\u00a0alli\u00e9iert Geheimd\u00e9ngschter viru geleed ginn. Duerch d\u00e9i dr\u00e4i Messagen haten d\u00e9i Alli\u00e9iert d\u2019Confirmatioun, datt eng\u00a0aussergew\u00e9inlech a gef\u00e9ierlech Krichswaff a Pr\u00e9paratioun wier. PEENEM\u00dcNDE gouf am Juli 1943 schw\u00e9ier\u00a0bombard\u00e9iert, sou datt d\u2019Entw\u00e9cklung an d\u2019Produktioun w\u00e4it zr\u00e9ck geh\u00e4it gouf. Doduerch sinn dausende vun\u00a0Zivilpersounen an Zaldoten verschount bliwwen.<\/p>\n<p>D\u00ebse Resistenzakt, deen e groussen Impakt op d\u2019Nazikrichsmaschinerie hat, ass vun den Alli\u00e9ierten h\u00e9ich ageschat\u00a0ginn, an als Unerkennung goufen eis virgenannten LS-Fr\u00ebnn nom Krich mat h\u00e9igen Dekoratiounen ausgezeechent.<\/p>\n<p>Souwuel d\u00ebse Resistenzakt, w\u00e9i och d\u2019Saach vum Referendum an de Generalstreik, deen d\u2019ganz Welt oplauschtere\u00a0gedoen huet, hate gew\u00ebss och en Impakt dorop, datt nom Krich eist klengt L\u00ebtzebuerg sech de Respekt vun alle\u00a0Natioune verd\u00e9ngt hat.<\/p>\n<p>Eng schw\u00e9ier a gef\u00e9ierlech Charge ass vun de Resistenzler iwwerholl ginn, w\u00e9i et dr\u00ebms gong, \u00ebmmer m\u00e9i L\u00ebtzebuerger\u00a0zwangsrekrut\u00e9iert Jongen, d\u00e9i de Preisen de R\u00e9ck weise wollten, ze verstoppen oder, grad w\u00e9i d\u00e9i alli\u00e9iert Prisonn\u00e9ier op\u00a0der Flucht duerch eist Land, iwwert d\u2019frans\u00e9isch oder d\u2019belsch Grenz ze \u00ab pass\u00e9ieren \u00bb : M\u00e9i w\u00e9i 50 Aum\u00f4nier\u00ebn, Chef,\u00a0Rover an e puer Cheftainen hunn als Passeuren a Fili\u00e8riste grouss Verd\u00e9ngschter ze verzeechnen. Aleng den Tony\u00a0NOESEN huet bis zu senger Verhaftung e puer honnert falsch Ausweiser ausgestallt fir Refrakt\u00e4ren a Fl\u00fcchteger a\u00a0S\u00e9cherheet ze dirig\u00e9ieren.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>D\u00ebst sinn e puer vun deene gr\u00e9isste Resistenzakten, wou noweislech LS-Scouten matgewierkt hunn. All d\u00e9i vill kleng an\u00a0onscheinbar, mee wichteg Aktiounen am D\u00e4ischteren an am \u00cbnnergrond, wouduerch honnerte vu Liewe gerett a\u00a0geschount si ginn, sinn hei n\u00ebt ernimmt. Och dee nofolgenden TABLEAU d\u2019HONNEUR ernimmt n\u00ebmmen d\u00e9i aktiv\u00a0Scouten beim Ausbroch vum Krich. D\u00e9i deemoleg \u00ab Al Scouten \u00bb d\u00e9i hiert Scoutsversprieche best\u00ebmmt net vergiess\u00a0haten, sinn an d\u00ebser Opzeechnung net matgezielt.<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/Tableau-d\u00b4honneur1.jpeg\"><img decoding=\"async\" class=\"wp-image-2727 size-large aligncenter\" src=\"https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/Tableau-d\u00b4honneur1-478x1024.jpeg\" alt=\"\" width=\"478\" height=\"1024\" srcset=\"https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/Tableau-d\u00b4honneur1-478x1024.jpeg 478w, https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/Tableau-d\u00b4honneur1-140x300.jpeg 140w, https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/Tableau-d\u00b4honneur1-768x1645.jpeg 768w, https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/Tableau-d\u00b4honneur1-717x1536.jpeg 717w, https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/Tableau-d\u00b4honneur1-956x2048.jpeg 956w, https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/Tableau-d\u00b4honneur1-163x350.jpeg 163w, https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/Tableau-d\u00b4honneur1-373x800.jpeg 373w, https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/Tableau-d\u00b4honneur1.jpeg 1160w\" sizes=\"(max-width: 478px) 100vw, 478px\" \/><\/a> <a href=\"https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/TableaudHonneur.png\"><img decoding=\"async\" class=\"wp-image-2728 size-full aligncenter\" src=\"https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/TableaudHonneur.png\" alt=\"\" width=\"425\" height=\"573\" srcset=\"https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/TableaudHonneur.png 425w, https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/TableaudHonneur-223x300.png 223w, https:\/\/lgs.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/07\/TableaudHonneur-260x350.png 260w\" sizes=\"(max-width: 425px) 100vw, 425px\" \/><\/a>","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Sorry, this entry is only available in LU.Kontakt L\u00ebtzebuerger Scouten an der Resistenz: lsr@lgs.lu De Verband vun de L\u00ebtzebuerger Scouten (LS)\u00a0an der Resistenz 1940-1945 Den 2. September 1939, hunn d\u00e4itsch Truppen Polen iwwerfall. Doduerch\u00a0waren d\u00e9i Alli\u00e9iert, England a Frankr\u00e4ich laut Ofkommes mat Polen\u00a0engag\u00e9iert, D\u00e4itschland de Krich ze erkl\u00e4ren, deen no an no zum 2.\u00a0Weltkrich ausgewuess&#8230;  <a class=\"excerpt-read-more\" href=\"https:\/\/lgs.lu\/en\/iwwert-eis\/scoutsresistenzler\/\" title=\"ReadScoutsresistenzler\">Read more &raquo;<\/a><\/p>\n","protected":false},"author":447,"featured_media":2697,"parent":1210,"menu_order":7,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"","meta":{"footnotes":""},"class_list":["post-2689","page","type-page","status-publish","has-post-thumbnail","hentry"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/lgs.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/2689","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/lgs.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/lgs.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/lgs.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/users\/447"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/lgs.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=2689"}],"version-history":[{"count":15,"href":"https:\/\/lgs.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/2689\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":3148,"href":"https:\/\/lgs.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/2689\/revisions\/3148"}],"up":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/lgs.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/1210"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/lgs.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/media\/2697"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/lgs.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=2689"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}