Summer 2020 – D’Guiden a Scouten sinn zeréck

Sorry, this entry is only available in Luxembourgish. For the sake of viewer convenience, the content is shown below in the alternative language. You may click the link to switch the active language.

Dës Säit gouf den 3. Juli fir d’lescht aktualiséiert

Léif Guiden a Scouten, op dëser Säit hale mir iech um Lafenden mat allen néidegen Informatioune  fir är Versammlungen an är Campen

Brancheversammlungen a Grupperot

D’Brancheversammlungen an de Grupperot  kënnen nees stattfannen, ënnert de Restriktioune wei de Reglement grand-ducal vum 10 Juni et virgesäit:

  • Wa maximal 20 Leit sech treffen (Kanner + Cheffen) muss nom Reglement grand-ducal vum 10 Juni, kee Sécherheetsofstand agehale ginn a keng Mask gedroe ginn.
    • Och wann d’ Distanz vun 2 Meter an/oder d’Mask net méi obligatoresch si bei Gruppen ënnert 20 Leit, recommandéiere mir Iech awer weiderhin dës “gestes barrières” unzewenden.
  • Wa méi wéi 20 Léit an der Versammlung sinn, muss jiddereen de Sécherheetsofstand (2 Meter) anhalen oder eng Mask droen, an zousätzlech eng zougewise Sëtzplaz anhuelen.
    • Well eng zougewise Sëtzplaz vir eng Versammlung schwéier ëmzesetzen ass, mussen d’Cheffen eng Foto vun der Situatioun maachen, vir esou kënnen am Fall vun enger Covid19 Ustiechung, nozeweise ween wou soutz.
  • Mir recommandéieren Iech esou vill wéi méiglech Aktivitéiten dobaussen ze maachen.
  • Eis Methode bei de Guiden a Scouten mécht et quasi onméiglech, eng fest Sëtzplaz virzegesinn. Dowéinst recommandéiert de Verbandscomité nëmme Versammlunge mat maximal 20 Léit ze organiséieren.

Summeraktivitéiten

De Minister huet ugekënnegt dass d’Summeraktivitéite kënnen stattfannen. Dir kënnt  ab elo un äre Campe plangen. Des Mesurë  musse nach vun der Chamber  an engem Gesetz festgehale ginn. Geplangt ass, dass tëscht dem 15. Juli an dem 15. September Campen a Vakanzenaktivitéiten erlaabt sinn, dëst awer ënnert gewësse Restriktiounen:

  • Maximal 50 Kanner
  • Maximal 10 Cheffen

 Mir schwätzen hei da vu feste Kontaktgruppen, déi ënnert sech aner Reegelen hunn:

  • Den 2 Meter Ofstand muss net agehale ginn an et muss och keng Mask gedroe ginn.
  • Wann dës Kontaktgrupp a Kontakt mat externe Leit kennt (z.B. Elteren), muss sech nees un den 2 Meter Ofstand gehale ginn, respektiv muss eng Mask ugedoe ginn.
  • Et kënne méi Kontaktgruppen op enger Campingsplaz sinn, ënnert der Konditioun, dass sech déi eenzel Kontaktgruppen net vermëschen. Wann d’Cheffen aus méi wei enger Kontaktgrupp sech vir eng Maîtrise treffen, gëllen nees d’Maskenpflicht, respektiv de Sécherheetsofstand.
  • D’Cheffe mussen un enger Online-Formatioun deelhuelen, déi 1.5 – 2 Stonnen dauere wäert. Weider Informatioune komme no.

Speziell Konditioune fir d’Organisatioun vu Weekender a Campen

D´Online-Formatioun vum SNJ sinn den 8. Juli 2020 vun 16-18 Auer an den 11. Juli 2020 vun 10-12 Auer.

D’Umeldung ass obligatoresch op der Homepage vum SNJ (agenda.snj.lu) an den SNJ stellt der no der Formatioun een Certificat de participation aus.

Wann s de fir däi Camp/Weekend sanitär Material brauchs kanns de dech per Mail op mellen, mat der Unzuel vun de Participant’en vun denger Aktivitéit. Mir stellen dir dann ee Package (Desinfektiounsmëttel + Spender, Masken, Oofspärbändchen, Tape fir de Buedem ze markéieren) fir däi Grupp zesummen a soen dir Bescheed wéini dass de et kanns an d’Geisserei sichen kommen.

Congé Jeunesse

Info Congé Jeunesse