Philosophie

D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn dee gréissten edukative Jugendmouvement zu Lëtzebuerg. Eis Missioun ass et, déi Jonk dorop virzebereeden, spéiderhi Responsabilitéit fir sech an anerer ze iwwerhuelen. An deem Sënn bidden eis motivéiert Fräiwëlleg de Jonken en oppene Kader, wou jiddereen aktiv matmaachen a matbestëmmen dierf.

Fir mech, fir dech, fir eis, fir jiddereen

Zesummen a Gruppe kann all Eenzelne flott Erfahrunge maachen, Frëndschafte schléissen, sozial Fäegkeete léieren an sech perséinlech weider entwéckelen. Bei den LGS léieren déi Jonk d’Natur ze respektéieren, iwwer sech selwer an hiert Ëmfeld nozedenke fir sech spéider aktiv, och fir anerer, anzesetzen.