Press

13. Europäesch Guiden- Scouts-Konferenz mat LGS-Participatioun zu Bréissel

-

Während 5 Deeg war Bréissel de Nuebel vum europäeschen Guidissem an Scoutissem well d'Europa-Régioun vun de Verbänn WAGGS a WOSM; wou eise Verband Member ass, haaten Memberen aus 45 Länner invitéiert, fir ënnert dem Motto "No Limit - Repoussons les frontières" iwwert d'Zukunft vun eisem Mouvement ze débattéieren.

Och zu Beggen ass de Verbandsfändel ukomm...

-

Durch e generéisen Geste vun der Amicale vun de Beggener Guiden a Scouten, krutt  och dësen LGS-Grupp elo e fuschneien Fändel. D'Weih vum Fändel war während enger sympathescher
Feier um Eecherfeld durch den Aumônier Général, Pit Faber a Präsenz vum Commissaire Général Roy Grotz a villen fréieren an aktive Memberen vum Beggener Grupp.
Den WORT-Artikel fannt dir an der Annexe...

D'Lynn, aktiv Cheftaine bei den LGS, présentéiert sain Engagement

-

Et ass net nëmmen wichteg, Guddes ze maachen, mee et ass genee esou wichteg, dat och aanere Leit ze zielen. D'Lynn Warisse, eng vun eisen aktife Cheftainen, huet dest am Kader vun enger Spezial-Bailaach "Smart Summer" am WORT gemeet. Stellvertriedend fir all eis engagéiert Cheftainen an Cheffen, op jonk oder al, steet d'Lynn: MERCI fir d'Engagement, dat dir all Woch weist.

Odyssee 2010 leeft op Héichtouren: 120 Participanten gesinn sech um Neihaischen

-

Am Kader vun de 5 Odyssee-Projeten haaten déi 120 Participanten, déi dëst Joer a Bosnien-Herzegowina, Bolivien, Senegal an de Vietnam fueren, hiren 2. Préparatiounsweekend um Neihaischen.

Réunioun vun den Guiden- Scouts-Députéiert, den 9. Februar bei den CBDM zu Märel

-

Et ass eng flott Traditioun, datt sech de "Groupe interparlementaire du scoutisme" mat de Guiden- Scoutsverbänn gesait, fir de Point iwwer aktuell politesch Sujeten ze maachen, déi eis direkt an eiser bénévoler Jugendaarbecht concernéieren.

Fondatioun an ONGD vun de ,,Lëtzebuerger Guiden a Scouten" ennerschreiwen Code de Bonne Conduite

-

A Präsenz vum Ierfgroussherzog Guillaume, grad wéi Vertrieder vun 4 aaneren Organisatiounen hunn d'ONGD ,,Guiden a Scouten mat der 3. Welt" grad wéi d'Fondatioun " Lëtzebuerger Guiden a Scouten am Dengscht vun de Jonken" de Code de Bonne Conduite fir eng transparent Gestioun vun hire Konten ennerschriwwen.

D'Gemeng Betzder weist sech generéis an stellt sech an den Dengscht vun den LGS

-

D'Gemeng Betzder ennerstëtzt op e Neits d'Entwecklungshellef vun de RaRo, déi am Kader vum Odyssee 2010 geschitt.

Déifferdeng, eng Stad hëlleft

-

Den 20. Dezember huet sech d'Staadt Déifferdeng generéis gewisen an Donen un 4 Associatiounen iwwerecht, dorënner och d'Lëtzebuerger Guiden a Scouten.

Déi aner Organisatiounen, déi deen Owend en Don kruten, waren d'Unicef, Save Emilie Lahr an d'Initiativ Liewensufank.

Entwicklungshilfe auf vier Kontinenten

-

Genau wie der griechische Sagen­held Odysseus von Ithaka, zieht es auch die jugendlichen Guides und Scouts der Ranger-Rover-Stufe (Jugendliche zwischen 17 und 23 Jahren) in die weite, ferne Welt. Unter dem Motto „Odyssee 2010“ werden nächstes Jahr im Sommer 110 Pfadfinder aktive Entwick­lungshilfe leisten.

D'LGS an de Medien

-

DNR-Radio-Reportage iwwert d'Pressekonferenz vum "Groupement" vun den 3 Guiden- Scouts-Associatiounen, AGGL, FNEL an LGS an der Tour Malakoff. Sujet: Présentatioun vun der Campagne "Be Part of it!"
Diffusioun: 23. September. Journalistin: Tatjana Konieczny