ONG

CRÊPE Owend ONG

9. July 2011 - 19:00

CRÊPE Owend
zu Gonschten vum Projet C.R.E.P.E,
vun der ONGD „Guiden a Scouten fir ENG Welt“, zu Mboro, am Senegal
Samschdes den 9. Juli 2011 ab 19.00 Auer an der Géisserei
5, RUE MUNCHEN-TESCH L-2173 Lëtzebuerg
Séiss an gehäerzten Paangecher oder Gegrilltes „à volonté“
20€ fir Erwuessener, 10€ fir d‘ Kanner

E Blaifsteft fir de Niger: eng Aktioun, déi et brengt!

-

Nieft eiser Partnerschaft mat de Scouten aus dem Niger, supportéieren mir och iwwert d'ONGD "Letzebuerger Guiden a Scouten fir ENG Welt" d'Aktioun "E Blaisteft fir de Niger". Dobai ginn konkret schoulesch a pädagogesch Projeten an deem Land ennerstëtzt, dest zesummen mam IC aus dem Niger, dee selwer Proff ass.

Fair Breakfast Weekend

-

Vum 25.-27. Mäerz leeft d' "Fair Breakfast" Aktioun zu Lëtzebuerg, wéi wär et wann der do gifft mat man an de Kanner/Jugendlechen deen WE eppes FAIR GEHANDELTES ewéi, Téi, Jus, Chocolat oder Café gifft ubidden?

Support fir d'Scouts du Niger och durch d'Aktioun vun der UJL

-

Och d'Journalisten-Associatioun UJL setzt sech fir d'Scouts du Niger an. Den Erléis vun der UJL-Gratulatiouns-Aktioun am WORT ass dëst Joer zu engem Deel fir eise Partenariat mat de Scouten am Niger. Durch d'Neijoschwënsch am WORT mecht een also dëst Joer net nëmmen sengen Fammilljen a Frënn eng Freed, mee et mecht een eng B.A. mat Afrika.

Odyssee 2010

-

130 Guiden a Scouten hunn dëst Joer un 5 verschiddenen Projeten op 4 verschiddenen Kontinenter deelgeholl.

Pädagogesche Classeur fir Guiden- a Scoutscheffen iwwer Entwécklungsthemen

-

Den neie Spillclasseur fir d‘Cheffen a Cheftainen ass do!

De Grupp Nord-Süd huet um Chefdag 2010 den neie Spillclasseur fir Cheffe virgestallt. Hei fannt dir fäerdeg virbereeten Aktivitéiten zu verschiddenen Themen déi d’Entwécklungslänner betreffen, wéi zum Beispill de fairen Handel, d‘Koranschoulen am Senegal an d‘Liewen an de Slums.

D'Sarah Gilbertz, eng Guide/Scouts-Volontairin an Indien....

-

D'Sarah Gilbertz (26 Joer vun Esch), ass fier eis ONG "Guiden a Scouten fir ENG Welt" bis Enn vum Joer als Volontairin am Kiran-Village zu Varanasi bei der Sr. Sangeeta aktif.
Wat d'Sarah alles bis ewell erlieft huet, kennt dier op desem Site noliesen:
http://news.rtl.lu/sonndes/serie/indien/77707.html

Bäume für ein besseres Leben

-

In den äußersten Nordzipfel von Vietnam hat es derzeit eine Gruppe von luxemburgischen Pfadfindern verschlagen. Mit dabei sind auch Jugendliche und Erzieher des Institut Saint-Joseph. Binnen 14 Tagen wollen sie mehr als 2 000 Bäume pflanzen und damit die Lebensbedingungen der Bevölkerung rund um das Dorf Lung Tam Thai verbessern.

RaRo Odyssee 2010: Senegal-Projet Takku Liggey huet ugefaang...

-

Genee wéi den Odyssee-Projet a Bosnien-Herzegowina (Projet Youth & Heritage Cuprija zu Stolac) huet Ugangs vum Mount och deen am Senegal ugefaangen.
Zu Thiès (60 Km östlech vun Dakar) bauen 18 Guiden a Scouten zesummen mat hiere senegaleseschen Partner vun der AJE (Action Jeunesse et Environnement) un enger "maison des métiers" fir Jonker, déi en Handwierk léieren wëllen.