28. October 2011 - 18:00 - 31. October 2011 - 16:00
Salut alleguer
elo gleich ass et nees esouwäit an den AvExStip 2011 ass voll amgaangen. Wanns du also wells Assistent-Truppechef ginn dann mell dech un. De Formulaire F07A fenns du am Download-Deel. Fëll deen aus a schéck en an Zentral.
Vum 28.10. Freides owes 18.00 Auer bis den 31.10 Meindes geint 16.00 Auer um Neihaisgen.
50 € sinn z’iwwerweisen op de Kont bei der : BILLLULL IBAN LU84 0029 1827 9835 2300
vun de „Lëtzebuerger Guiden a Scouten, Branche AvEx“ mam Vermierk „STIP AvEx 11 + Numm a Virnumm vum Kandidat“. Bis speitstens den 20. Oktober soll een ugemellt sin!!
Nëmmen esou sidd dir definitiv ugemellt.
Thema ass: "WASABI" also denkt drun Iech eng Verkleedung ze
bastelen a matzebrengen.
Dei Woch virum Stip kritt jidereen deen ugemellt ass e Breif mat Détailer
per Mail.
Leit dei just d'AvExmethode mussen maachen, well se d'Branche wiesselen,
geifen och am beschten de ganze Weekend kommen.
Mat beschte AvEx-Gréiss
Fränz