An eisem Verband ginn et eng grouss Zuel u Leit déi sech och um nationale Plang engagéieren. Dëst ass natirlech an de Branchenequippe méiglech an awer och an enger ganzer Rei iwwerbranchlechen Aarbechtsgruppen.
De Verband vun de Lëtzebuerger Scouten (LS) an der Resistenz 1940-1945
Den 2. September 1939, hunn däitsch Truppen Polen iwwerfall. Doduerch waren déi Alliéiert, England a Frankräich laut Ofkommes mat Polen engagéiert , Däitschland de Krich ze erklären, deen no an no zum 2. Weltkrich ausgewuess ass. Doduerch stong eist Land virun enger ongewësser Zukunft.
An dëser Perspektiv stong de Chefdag vun de Lëtzebuerger Scouten de 16. September 1939 ënnert dem Motto « DER HEEMECHT ZE DENGEN ». Den deemolege Commissaire Général Aloyse Hentgen, huet en Appel un d’Bereetschaft vun alle Chef a Rover geriicht an ausgeruff « d’Scoute si mobiliséiert ». Dorop huet eng grouss Zuel vu Scouten d’Eischthëllefscoursë vum Roude Kräitz besicht.