Splash 2016

Umeldung Splash, et ass nach net ze spéit…

Den 20.Februar 2016 ass zu Diddeleng de Splash. Vun 12 Auer Mëttes bis 12 Auer Mëtternuecht schwamme mir, fir Suen ze sammele fir di 5 Odyssee Projete vun dësem Joer ze ënnerstëtzen. Wanns du, däi Grupp oder deng Branche nach net ugemellt sidd an awer dobäi wëllt sinn, da mell dech sou schnell wéi méiglech ënnert splash@lgs.lu

 

Wéi’s du sécher schon zënter dem läschte Chefdag weess, ass de Splash den  20. Februar
2016 zu Diddeleng an der René Hartmann Schwämm. Niewent dem Spaass um Schwammen
geet et beim Splash natierlech och drëms fir Suen fir d’Odyssee 2016-Projet’en vun den
Raro a Äthiopien, Brasilien, Bosnien, Georgien, an op Haiti ze sammelen.

Andeems du mat déngem Grupp, denger Branche oder alleng schwamme kënns, gëtt de
Splash 2016 zu Diddeleng genee esou e grousse Succès wéi déi läschte Kéier 2013 zu
Nidderanwen.

Op dëser Sait fënns du weider Infoen iwwert d’Projeten a folgend Formulairen an Dokumenter:
– Formulaire „Pätteren/Giedelen-Lëscht fir all Guide/Scout“
– Dokument: “Erklärungen zur Pätter/Giedel Lescht “

 

Jidereen deen mat wëll schwammen, muss 10 Minuten ouni Hëllefsmëttel (wéi zum Beispill Ärmecher) an ouni sech um Bord unzepaacken schwamme kënnen. Fir Biber a fir onsëcher Schwëmmer orgnaiséiere mir en “Schwamm/Trëppel Parcours” am klenge Basséng.

Jiddereen dee schwëmmt oder bezilt, soll wëssen firwat en an de Baséng spréngt oder de
Porte-Monnaie opmécht an dofir wiere mir ganz frou wann dir all Guide/Scout informéiert
firwat de Splash organiséiert gëtt a wouhinner d’Suë ginn an ëm wat et bei de 5 Odyssee-
Projet’en geet.

De Splash 2016 fänkt den 20.Februar mëttes um 12.00 Auer un an dauert bis Mëtternuecht.

Geschwomm gëtt an engem 25 Meter Baséng.

 

D’Odysseeprojetsgruppen an d’Splash-Equipe soen iech elo scho MERCI dass dir beim
Splash 2016 mat maacht.

Formulaire2_Patterelescht

Formulaire Erklärung Pätteren

Lëscht Pätteren français

Erklärungen Pätteren français

Dir wëllt méi iwwert déi 5 Odyssee Projeten wëssen, da fann der hei weider Infoën: Link