Déi Centser, well de komplette Grupperot op de Kanu kënnt!
Paddelen äh surfen op
Nei um Site
-
3 days 10 hours
-
3 days 10 hours
-
3 days 10 hours
-
3 days 10 hours
-
1 week 1 day
Agenda
![]()
De Ben Evol. Mir wäerten och gläich verrode, firwat.
All (Géige)propose op chefvunderwoch@lgs.lu oder gruppvummount@lgs.lu
Scouts of the World Award
An Zäite vun Jugendchômage ass et ëm esou méi wichteg dass een niewent engem gudde schoulesche Parcours och nach eng ganz Réi aner Kompetenzen huet déi een als Kandidat vun aneren ënnerscheet. Een engagéierte Weltbierger ze sinn an d’Erfahrungen op engem Entwécklungsprojet mat engem Brevet hannerlee ze kennen, kann nei engem Jobinterview sécher net schueden.

Fir den Programm vun der Roverbranche méi attraktiv ze maachen an d’Aarbecht vun dëser Branche an der Entwécklungsaarbecht besser ze valoriséieren huet WOSM den “Scouts of the World Award” erausbruecht. Dëse Badge dee mat engem Brevet verdeelt gëtt ass fir all Jonker déi sech an internationaler Cooperatioun am Sënn vum Scoutsgeescht an dem Engagement vun den Scoute fir Millenium Development Goals ze erreechen asetzen. De Brevet kann dee Jonke kréien deen sech beim plange Gedanken iwwert Problematik vun der „Drëtter“ Welt gemaach hunn, un engem Projet fir eng besser Welt aktiv Deel geholl hunn (am beschte mat Jonken aus deem Land wou den Projet ass) an deen e perséinlechen an méi globale Bilan gezunn hunn.

Kennt iech dësen Opbau vun engem Programm iergendwéi bekannt fir. Genau, eis RaRo Odyssee Projete fale vun der Method hier ouni grouss zousätzlecher Aarbecht ënnert dësen Award. De Comité vun den LGS huet sech dofir och fir de Scouts of the World Award entscheet a mat WOSM eng Cooperatioun ënnerschriwwen. Am Kader vun der Preparatioun zu den Odysseen gëtt dëse Brevet virgestallt, an all Participant dee bereet as sechmat der Thematik vu sengem Projet e bësse méi ausernaner ze setze kann nieft senger Odyssee Erfahrung och nach säi Scout of the World Award Badge a Brevet kréien. Dofir muss de Participant een klenge Rapport ausfëllen dee vu sengem Projetsreponsabelen evaluéiert an ënnerschreiwe muss ginn. Duerno brauch een just nach d'Ufro auszefëllen a wann een bei den Prepartatiounsweekender an dem Projet aktiv matgemaach huet kann een zu engem „Scout of the World“ ginn. Dëst kann een da stolz op der Uniform mat engem weltwäit unerkannte Badge weisen an säi Brevet mat un den CV hänken.
www.scoutsoftheworld.net www.youthoftheworld.net
Claude Frantzen
IC WOSM
| Attachment | Size |
|---|---|
| Formulär: SWA Rapport.doc | 190.5 KB |
| Formulär: SWA Ufro.doc | 330.5 KB |
| News: SW Discovery Luxemburg.pdf | 186.82 KB |












