SAFAB

Service d'Assistance aux Formateurs et Animateurs Bénévoles (SAFAB)

(conventionné avec le Ministère de la Famille et de l'Intégration)

De Service d'Assistance aux Formateurs et Animateurs Bénévoles (S.A.F.A.B.) gëtt et zanter Abrëll 2000. Wéi de Numm et scho seet ass d'Missioun vun dësem Service d'Ënnerstëtzen am Beräich Formatioun vun de lokale Gruppen, notamment de Chef/tainen, wéi och d'Aarbecht an d'Ënnerstëtzung um Verbandsniveau.

Am SAFAB schaffen am Moment 2 Educateuren, deenen hir Tâchen hei méi genau beschriwwe ginn. Do dernieft schafft de SAFAB an enker Zesummenaarbecht mat de PS Formateuren aus der Jugendpastoral, dem Daniela Steil, wéi och mat den Educateuren aus dem Jugendhaus Bissen, dem Martine Schannel an dem Patrick Bassegio. (Web site Jugendhaus Bissen)

Formateur: Lamborelle Claude

Als Formateur këmmert de Claude sech an enker Zesummenaarbecht mam Formatiounscommissaire ëm d'Formatiounen. Hien hält Sécherheetssessiounen op STIP a STAP a ka punktuell zu spezifeschen Formatiounen agesat ginn. Hien ass Member vun der Formatiounséquipe an hëlleft am Projet Integratioun. De Claude hëlleft am Ausschaffe vu Konzepter. Hien ass Member vun der "commission consultative à la formation".

Nieft der Coordinatioun vum Nouttelefon ass e weidere wichtege Pilier vum Claude senger Aarbecht den Dokumentatiounszenter (DZ) an der Géisserei. Hei ass deelweis Pionéieraarbecht ze leeschten vun däer eis Memberen längerfristeg profitéiere sollen.

De Claude ass Pätter vun 30 LGS - Gruppen

claude.lamborelle@lgs.lu
T : 26 94 84 26 Gsm : 621 277 595

Animateur pédagogique: Lahr Tom

Den Tom schafft gréisstendeels um Neihaischen am Centre de Formation Nicolas Rollinger. Hien organiséiert (an Zesummenaarbecht mat sellechen Benevolen, Aarbechtsgruppen, Fierschteren an Experten) Aktivitéiten ronderëm de Site Native Village, virun allem am Beräich Ëmwelterzéiung.

Den Tom organiséiert zesummen mam respektive Grupp de Chefdag am September.

Den Tom ass am Aarbechtsgrupp Material. Hei kuckt hien nom Entretien vun eisem aktuelle Material an dem Akaf vu neiem Material.

A genee wéi de Claude ass och den Tom Pätter iwwert eng 30 LGS Gruppen.

tom.lahr@lgs.lu
T : 26 94 84 29 oder den 35 76 45 Gsm : 621 277 596