![]()
Déi Beggener, well si fir de Concours "100% Natur" eng flott Konstruktioun mat Weiden um Neihaischen gemaach haten. Ausserdeem war hir Buerg net ellen !
Nei um Site
-
4 hours 20 min
-
5 hours 22 min
-
5 hours 23 min
-
1 day 7 hours
-
2 days 5 hours
Agenda
![]()
Dee Chef, dee Gamelle mat C vir an de Bréif geschriwwen hat. Sou hu seng AvEx eben eng Sucus oder eng Haribo mat op den Absurd Cup geholl!
All (Géige)propose op chefvunderwoch@lgs.lu oder gruppvummount@lgs.lu
Service des prêts

Konditiounen
- D’Lëtzebuerger Guiden a Scoute verléinen hiert Material u Jugendorganisatiounen oder Vereenegungen, déi am Interessi vun der Jugend schaffen.
- D’Lëtzebuerger Guiden a Scoute verléinen hiert Material net u Privatleit.
- Dat geléintent Material däerf net un en Drëtte weiderverléint ginn.
- D’Lëtzebuerger Guiden a Scoute verléinen hiert Material net fir Fester oder Evenementer, déi nëmmen op eng Geldrecette ausgeriicht sinn (Baler, …)
- Dat geléintent Material muss propper an an engem gudden Zoustand zréckbruecht ginn.
- Fir d’Locatioun vu gréisserem Material gëtt geroden eng speziell Assurance ofzeschléissen.
- D’Material gëtt zu de festgeluegten Zäiten ofgeholl an zréckbruecht :
- Neihaischen Rendez-vous froen beim Tom Lahr (621 277 596)
- Géisserei Rendez-vous froen am Secrétariat (26 94 84-20)
- Dépôt Walfer Ofhuelen all Donneschdeg vu 7.15 – 15.00 Bréngen all Mëttwoch vu 7.15 – 15.00
- D’Material gëtt déi Woch virun der Aktivitéit ofgeholl an déi Woch no der Aktivitéit zréckbruecht.
Délaien
Dat Material vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute wat zu Walfer am Dépôt läit, steet prioritär den LGS-Gruppen zur Verfügung, mee gëtt och anere Jugendorganisatioune verléint.
Nom 1. Februar mussen Demande vun aneren Organisatiounen fir dat Joer respektéiert ginn. Deemno hunn d’Equipen all Virdeel hir Demande virum 1. Februar vum Joer, wou si de Prêt maache wëllen, eran ze ginn.












