Scheckiwwereechung vun der UJL fir d'Scouts du Niger

-

8500 € vun der Union des Journalistes fir d'Scouts du Niger: domat kënne si de Fonctionnement vum Verband e weidert Joer garantéieren.

Peien, Energiekäschten, Bureaumaterial, Sprit fir den Auto, Ausschaffe vu Formatioun, ... fir eis zum groussen Deel vum Stat ënnerstëtzt. Am Niger net!

Méi am Artikel.

« 1 Euro fir de Niger »

-

Am Anhang fann der zwou Vierlaagen vun engem Bréif deen der mat ären Cotisatiounsbréiwer un är Memberen verschécken kënnt an deem d' Actioun "1 Euro fir de Niger" fiergestallt gëtt. Dës soll eng kleng Hëllef bei ärer Aarbecht sinn, dier kënnt natierlech och eppes eegenes maachen. Et ass een Bréif op lëtzebuergesch an een op franzéich.

E Blaifsteft fir de Niger: eng Aktioun, déi et brengt!

-

Nieft eiser Partnerschaft mat de Scouten aus dem Niger, supportéieren mir och iwwert d'ONGD "Letzebuerger Guiden a Scouten fir ENG Welt" d'Aktioun "E Blaisteft fir de Niger". Dobai ginn konkret schoulesch a pädagogesch Projeten an deem Land ennerstëtzt, dest zesummen mam IC aus dem Niger, dee selwer Proff ass.

Friddensliichtfeier 2010 Houwald – Scheckiwwerreeschung

-

Den Erléis vun der Friddensliichtfeier 2010, et sinn eng 4000€ erakomm, geet un de Partnerverband vun den LGS, den Scouts du Niger, et as

eng Frëndschaft déi weider wiist…

Support fir d'Scouts du Niger och durch d'Aktioun vun der UJL

-

Och d'Journalisten-Associatioun UJL setzt sech fir d'Scouts du Niger an. Den Erléis vun der UJL-Gratulatiouns-Aktioun am WORT ass dëst Joer zu engem Deel fir eise Partenariat mat de Scouten am Niger. Durch d'Neijoschwënsch am WORT mecht een also dëst Joer net nëmmen sengen Fammilljen a Frënn eng Freed, mee et mecht een eng B.A. mat Afrika.

D'LGS am Niger: eng Partnerschaft mat Zukunft

-

"Eng Guide, ee Scout - ee Wuerd" - esou kann een et och iwwert eis Partnerschaft mat de Scouts du Niger soen.
Net nëmmen dass mer 2003 an 2006 2 Camps-Chantier an dësem Sahel-Land haaten - och nach haut si mer mat eise Scoutsfrënn am Niger verbonnen an supportéieren de Fonctionnement vun hirem Verband an dem Centre de Formation bei Niamey.