D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten weisen hir Solidaritéit mam japanesche Vollek

-

No der tragescher Katastrophe an Japan wëlle mir als LGS, als Deel vun engem internationale Mouvement, eis Solidaritéit mam japanesche Vollek ausdrécken. Als Jugendmouvement, deem Naturschutz an Nohaltegkeet e wichtegt Uleies sinn, wëlle mir eis och an Zukunft fir eng sécher an ëmweltfrëndlech Energiepolitik asetzen - dat heecht géint d'Notzen vun Atomkraaft.

Dofir maach och DU mat bei der Solidaritéits-Manifestatioun déi GREENPEACE an deem Sënn, Muer, Donneschdeg den 17. Mäerz 2011 organiséiert.

Mir ginn äis Rendezvous (mam Foulard an/oder Uniform), Muer um 17 Auer op der Place Clairefontaine an der Stadt.

"Probéiert d'Welt e bësse besser ze verloossen ewéi der se virfonnt hutt!" (Lord Baden-Powell)

d'Team
d'Carmen, de Pit an de Roy