Brevetsiwwerreechung vum SNJ am LTB

-

De Ben, d'Anouk, den Davy, den Johnny, de Jean-Claude, d'Linda, de Jérôme, … kruten en Dënsden e Brevet iwwerreecht. Am ganzen hun 41 vun eise Cheffen hir Formatioun fir Aide-Animateur (STIP) ofgschloss, an 27 déi fir Animateur (STAP).

Op der Feier waren net nëmmen LGS-ler, mee och Jonker vun der FNEL, der Croix-Rouge, dem SNJ, dem CAPEL, de Sportswochen, dem Service Vacances vun der Caritas, de Jugendpompjéen, der UGDA, …

Den Direkter vum SNJ, de Georges Metz, huet de "Portfolio fir Jonker" virgestallt. Et handelt sech em e Classeur mat "vill Naischt" dran. 5 Rubriken (z.B. Perséinleches, Hobbien, Schoul) bidden Plaz fir Diplomer, Certificat'en, a soss wichteg Dokumenter, déi beléen wat een sou alles geléiert huet.

D'Marie-Josée Jacobs, d'Familljeministesch, huet d'Engagement vun denen insgesamt 300 Jonker (a manner Jonken)gelueft, déi dest Joer eng Formatioun ofgeschloss hun, an Asaz fir hir Associatioun weisen. Béid Vertrieder fannen dest "Léieren" an der Fraizait enorm wichteg, souwuel fir déi eegen Entwécklung wéi och fir d'Gesellschaft.

D'Rieden an d'Iwwerreechung hun ugefaang an opgehal mat engem klengen Film, gedréint vun Jonker während enger Formatioun iwwer Filmer schneiden a veraarbechten. Wéi all Joer huet den Lycée vun Bouneweeg lecker, an sälwer gemaachten Häppercher zervéiert.

Lies dozou de WORT-Artikel vum 26. November

 

 

 

AttachmentSize
300 Jugendleiter Artikel lw.pdf1.2 MB
Brevetsiwwerreechung vum SNJ am LTB
Brevetsiwwerreechung vum SNJ am LTB
Brevetsiwwerreechung vum SNJ am LTB
Brevetsiwwerreechung vum SNJ am LTB