AvEx Methode

 


Och bei den Avex gett no enger Linn an mat enger Zilsetzung geschafft, vue que dass dest  bei den Jugendlechen an der Altersgrupp vun 11-14 Joer  bei den LGS "AvEx“ genannt, besonnesch wichteg ass.

Hei gett den Jugendlechen geprägt waat seng spéider Weiderentwecklung unbelangt. Hien léiert ze proposéieren, ze décidéieren, sech s'organiséieren, sech anzesetzen, ze respektéieren, sech s'engagéieren, am Grupp ze liewen an ze agéieren. Déi Idelaer, welch him an deser Alterstuf ungebueden gin, sollen net onbedengt Regelen duerstellen, no welchen hien liewen muss, mee eischter als Orientéierungshelef geduecht, no welchen hien sech moossen kann.Dest ass eng vun den groussen Neierungen dei op den Jugendlechen am Avex Alter duer könnt. Den Avex kann an soll matdécidéieren waat an senger Branche gemeetgett, dest op eng demokratesch Art an Weis. 

Och bei den AvEx gett no enger Linn an mat enger Zilsetzung geschafft, vue que dass dest  bei den Jugendlechen an der Altersgrupp vun 11-14 Joer  bei den LGS "AvEx“ genannt, besonnesch wichteg ass.


Hei gëtt den Jugendlechen geprägt waat seng spéider Weiderentwecklung unbelangt. Hien léiert ze proposéieren, ze décidéieren, sech s'organiséieren, sech anzesetzen, ze respektéieren, sech s'engagéieren, am Grupp ze liewen an ze agéieren. Déi Idelaer, welch him an deser Alterstuf ungebueden gin, sollen net onbedengt Regelen duerstellen, no welchen hien liewen muss, mee eischter als Orientéierungshelef geduecht, no welchen hien sech moossen kann.Dest ass eng vun den groussen Neierungen dei op den Jugendlechen am Avex Alter duer könnt. Den Avex kann an soll matdécidéieren waat an senger Branche gemeetgett, dest op eng demokratesch Art an Weis. 


 


Déi egen Idee, déi eegen Meenung  


Den AvEx gett geléiert an engem klengen Grupp Verantwortung ze iwerhuehlen an ze droen. Hien soll léieren waat et heescht an esou engem Grupp ze agéieren, zum Beschten vun all Member vun desem Grupp. Dofir gett et bei den AvEx den Patrullensystem, wou 5-7 Avex zesummenschaffen, léieren, Freed hun.


Et ass den AvEx an seng Patrull déi Themen vun den Versammlungen festleen an  puer Wochen mat deser Thematik hantéieren. Bei esou enger  Expeditioun léiert den Jugendlechen nei Techniken, sech mat spezifeschen Thematiken ausernaanerzesetzen, an sech fir eppes ze engagéieren, waat villeicht nei fir hien ass. Zum Schluss vun esou enger Expeditioun gin Bilans gemeet, wou een kann gesinn waat gudd, respektiv manner gudd waar an esou seng perséinlech an awer och allgemeng Konklusiounen zéihen kann. Den Avex soll nämlech léieren andeems hien eppes selwer probéiert (Learning by doing).


Den AvEx soll léieren dass sein Handelen net ouni Konsequenzen geschitt. Dest können positiver an awer och natirlech negativer Natur sin. Esou gett probéiert dem AvEx Werter vermettelt ze gin, welch spiritueller, sozialer, ökologescher an ökonomescher Natur sin. Hien soll léieren dass et niewt him och eng helle Wull vun aanere Léit gin an dass et am Senn vum Guidissem/Scoutissem ass, dass all zesummen an Harmonie sollen funktionnéieren.


Während sengen 3 Joer bei den AvEx gett den Jugendlechen dozou motivéiert sech emmer erem ennert Beweis ze stellen. Dest kann hien maachen durch verschidden Ofzeechen, welch hien sech kann verdingen (Badger). Mee och seng perséinlech Entwecklung gett net vernoléissegt an esou kann den Avex sech um Enn vun sengen 3 Joer als AvEx, dozou beruff fillen sein Verspriechen op Guiden/Scoutsgesetzer ofzeleen, an soumadder seng Fähegkeeten an Kenntnisser och weiderhin dem Guidissem/Scoutissem ze widmen.


Den AvEx soll léieren dass den Chef/Cheftaine een Kolleg ass, an gleicherzeit erkennen dass desen als Virbildfunktioun agéieren kann. Dest verlangt oft vum Chef/Cheftaine een gewessend Fangerspetzengefill, mat engem gewessen KnowHow an der Jugendpsychologie, well hien sech jo an deen Jugendlechen eranversetzen soll.