Déi Centser, well de komplette Grupperot op de Kanu kënnt!
Paddelen äh surfen op
Nei um Site
-
3 days 9 hours
-
3 days 9 hours
-
3 days 9 hours
-
3 days 9 hours
-
1 week 1 day
Agenda
![]()
De Ben Evol. Mir wäerten och gläich verrode, firwat.
All (Géige)propose op chefvunderwoch@lgs.lu oder gruppvummount@lgs.lu
De STIP bei de BIBER
D’Biber-Equipe invitéiert op hier Formatiounsaktivitéiten vum 1. Zyklus:
• Formatiounsweekend vum 6. -8. November 2009
• Techneschen Dag den 7. März 2010
Informatiounen fir den Formatiounsweekend
- Fir wien? Fir all déi, déi mat der Formatioun fir Assistent-Biberchef ufänken wellen
- Wou? Zu Heeschdref am Chalet Ginkgo
- Ufank: Freides, den 6. November 2009 um 18.00 Auer
- Schluss: Sonndes, den 8. November 2009 um 18.00 Auer
Matbrengen: Perséinlech Sachen, Schlofsack, Wäschgeschir, Kichenduch, Gezei fir bei all Wierder erauszegoen, Schlappen, Schreifgeschir, ev. en Museksinstrument, Fiche médicale, Bibermethod an gutt Laun
- Präis: 40 € op de Kapp z’iwwerweisen op den LU49 0023 1827 9760 7300 BILLLULL vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten, Branche Biber mam Vermierk STIP 2009 + Numm vum Kandidat
Umeldung: Scheck w.e.g. den Umeldungsformulaire F07_STIP „Umeldung fir d’Formatioun STIP 2009/2010“ bis spéitestens den 10. Oktober 2009 an d’Géisserei zereck.
Bei weider Froen: sech un d’Nadine Wilwert (661 53 28 98 oder biber@lgs.lu) wenden.
Mat beschte Gréiss,
D’Biber-Equipe












