Héigen Besuch um Adventum MMX

-

A grad wéi den offiziellen Besuchsdeel um AvEx-amp Adventum MMX sollt lass goen dëse Freideg, huet et ugefaangen mat reenen - esou ass dat eeben muenchmol mam lëtzebuerger Wierder, mee eng gudd Guiden/ e gudde Scout haalen do duer, zemols wann et gëllt en Tour duerch d'Mëttelalter ze maachen.

Eng Hellewull Eieregäscht, fréier Guiden a Scouten a Presseleit waren op d'Campplaz op Stengefort komm, fier vun de Campcheffen, dem Romain a Luss, de Camp gewissen ze kréien.
Ennert de bekannte Gesiichter waren den Ausseminister Jean Asselborn, den Europadéputéierten Georges Bach, d'Scoutsdéputéiert Jean-Paul Schaaf an Emile Eicher, den Buergermeeschter Guy Pettinger mat sengen Schäffen an Conseileren grad wéi den SNJ-Direkter Georges Metz an natirlech d'Team mam Carmen, dem Roy a villen aaneren LGS-Commissairen.

Impressionéiert waren d'Gäscht bessonech iwwert den héichen Tuerm aus Holz vun der Péitenger Ekipp, dem Drach, deen d'Hike-Ekipp agespaart huet an den sëllegen Sous-Camp-Konstruktiounen.
Als Jury haaten d'Invitéën dunn och nach déi schwiereg Charge, déi flottst Mettelalter-Verkleedung ze wielen.
Jiddfereen war sech eens, datt hei gelieften Guidissem/Scoutissem geschitt, deen allen jonken Participanten eenzegarteg Erfahrungen brengt.
Duerfir en décke BRAVO fir de ganze Staff mat iwwer 100 Leit !!!

An der Annexe Impressiounen vun de WORT-Fotografen Gerry Huberty an Guy Jallay.

AttachmentSize
24_JUL.W_Z_24__20100724.pdf1.4 MB