Befroung vun der lëtzebuerger Jugend zum Thema "Jugend an Aarbecht"

-

Déng Meenung zielt!!!!

Säit November 2009 gesäit den europäeschen Aarbechtsplang fir
d‘Jugendpolitik fir, dat di Jonk an all Memberstate musse kënnen hier
Meenung, zu den, op europäeschen Niveau diskutéierten Themen, ofginn. Tëscht
Januar 2010 a Juni 2011 fannen duerfir a ganz Europa Consultatiounen zum
Thema "Jugend an Aarbecht" statt.

No enger Ëmfro, déi am Fréijoer hei zu Lëtzebuerg zu dësem Thema gemat gouf,
wou d'Resultater och schonns um europäeschen Niveau diskutéiert gi sinn,
geet di National Befroung vun der lëtzebuerger Jugend elo an eng zweet Ronn.

Den 11. September 2010 fënnt am Forum Geesseknäppchen vun 14.00 bis 17.30
Auer eng Consultatioun zum Thema „Jugend an Aarbecht“ statt. An oppenen
Ateliere kanns du hei deng Erfahrung mat abréngen an déng Meenung zu
ënnerschiddlechen Themen soen. D’Resultater vun dëser Consultatioun ginn am
Oktober 2010 op enger europäescher Konferenz diskutéiert a fléissen dann an
d’Aarbecht vun den europäesche Ministre mat an.

Du hues tëscht 16 an 30 Joer, bass Schüler, Student oder schonns am
Beruffsliewen? Da mell dech haut nach um Site www.cij.lu un, an diskutéier
mat.

Folgend Theme stin zur Debatt:

1.    Informatioun, Begleedung an Ënnerstëtzung fir e liichten Accès op den
Aarbechtsmaart: fir jiddereen!

2.    Erfahrung aus der non-formeller Bildung an der Mobilitéit – Wat bréngt
si mir um Aarbechtsmaart?

3.    Qualitéitsjoben, adaptéierte Kader an Ausgläich tëscht Aarbechts- a
Privatliewe – fir jiddereen?

4.    Politik a Gewerkschaften: wéi är Meenung besser mat afléisse loossen?

5.    Sozial Protectioun – Gëtt keen zeréckgelooss?!

Beweeg eppes! Deng Meenung ass gefrot!! All Iddi zielt!