13. Europäesch Guiden- Scouts-Konferenz mat LGS-Participatioun zu Bréissel

-

Während 5 Deeg war Bréissel de Nuebel vum europäeschen Guidissem an Scoutissem well d'Europa-Régioun vun de Verbänn WAGGS a WOSM; wou eise Verband Member ass, haaten Memberen aus 45 Länner invitéiert, fir ënnert dem Motto "No Limit - Repoussons les frontières" iwwert d'Zukunft vun eisem Mouvement ze débattéieren.

Festgeluecht gouf sech op eng regional Strategie, déi d'Qualitéit vun eiser pädagogecsher Aarbecht soll garantéieren, an déi op der WOSM-Weltkonferenz zu Curitiba (BRA) 2011 waert offiziell présentéiert ginn. An dëser Strategie gëtt de Verbänn duergeluecht, wéi een attraktif Programmer fir eis Memberen kann op d'Been stellen an wéi nach méi Jonker fir d'Valeuren vum Guidissem-Scoutissem ze begeechteren sinn.

Op der Konferenz zu Bréissel gouf ausdrécklech d'Joer 2011 vum Bénévolat als Chance fier eis Mouvementer ugesinn.
Gewielt gouf awer och op den resp. Konferenzen: neien/aalen Präsident vum europäeschen WOSM-Comité ass de Craig Turpie (UK), iwwerdeem sain "counterpart" bei WAGGS Lara Tonna (Malta) heecht.
Hinnen zur Sait stinn Comitéëen vun bénévolen Guiden a Scouten.

Lëtzebuerg war nieft FNEL an AGGL natirlech och duerch d'Team, mat Carmen a Roy, grad wéi den IC'en, dem Martine an dem Claude an duerch den Aender Michaux vertrueden, deen iwwregens och fier eisen Verband am Comité vum KISC zu Kandersteg (CH) ass - merci fir dësen Engagement!

An der Annexe den Artikel aus dem WORT.

AttachmentSize
21_JUL.W_Z_16_20100721.pdf588.2 KB