8 LGS-Gilwellisten krutten hiere Foulard an hir Krellen iwwereecht

-

Et war eng émouvant Gilwells-Feier op der Buerg an der Fiels, während där dëst Joer net manner wéi 8 Gilwell-Kandidaten den Foulard, Diplôme an d'Krëllen vum Gilwell-Leader Bruno Winter iwwereecht krutten; émouvant war d'Feier e.a. durch d'Präsenz vun fréieren Gilwell-Staff-Memberen wéi dem Kaysesch Georges, dem Scholesch Guy, Rischtesch Rosch an dem Bodsems Aender.
Wéi de Bruno betount huet, war "2010 en exceptionelle Gilwell-Cru", well laang muss een zreck kucken, fier e Joer ze fannen, wou esou vill Guiden a Scouten hire Gilwell ofgeschloss hunn.
De Commissaire général Roy Grotz huet sech félicitéiert iwwert déi eenzel interessant, praktesch an déifgraifend Aarbechten vun de Gilwellisten, déi am DZ natirlech fir all Cheffen accesibel sinn.
Et war awer och den Appel weider engagéiert ze bleiwen an sceh fir d'Saach an den Développement vum Verband an dem Scoutissem anzesetzen.

De Chrëscht Weis huet d'Feier mam Blosen am Kudu-Har opgemeet an cloturéiert, eng Zeremonie während där déi 8 Gilwellisten och hirt Engagement erneiert hunn.
Um Kongress komme mer op de Gilwell zreck, och ginn et Détailer iwwert de Gilwellcamp 2011.

Hei d'Gillwellisten vum Cru 2010 an den Titel vun hiren Aarbechten:

  • Laurent Hennes: Conceptioun a Bau vum "Timmy den Tuerm"
  • Dani Rod: D'Verspriechen bei de Wëllefcher
  • Werner Michels: Dat Reliéist a Spirituellt mam Aspekt "Wellness" verbannen
  • Marc Sinner: D'Foulard blancs: hir Bedaitung an hir Geschicht
  • Claude Pirsch:  Den Talentbadge
  • Luc Ewen:  Wéi réaliséieren ech eng recherchéiert Dokumentatioun iwwert e lokale Grupp?
  • Laurie Golinvaux: Spirituel Aktivitéiten ouni reliéisen Hannergrond bei den AvEx

Fotoen: Luss Brosius