1. Weekend Tronc commun - STIP

1. October 2010 - 18:00 - 3. October 2010 - 18:30

 

Léif Cheftainen a Chef, 
léif Kandidatinnen a Kandidaten 
fir d‘Formatioun vum 1. Zyklus
Et ass erëm sou wäit - hei sinn d’Datumer fir d’Formatioun vum Tronc Commun. Ennert Tronc Commun versti mer all Ideeën, Grondsätz a Wëssen wat eng/ee Chef/taine mat op de Wee kritt, ONOFHÄNGEG vun der Branche an der si/heen Chef/taine wëllt sinn/ginn. Et geet also em déi Inhalter, déi gemeinsam an alle Branchen sinn an déi mer gemeinsam fir all Branchen ubidden. Mat dësem Artikel wëlle mir Iech dësen Deel vun der Formatioun e bësse méi am Detail virstellen.

Tronc Commun – am Détail…

Et ginn 2 Méiglechkeeten fir den Tronc Commun ze maachen…

3 Samschdeger - 25 € fir déi 3 Samschdeger, op der Plaz ze bezuelen

  • 2. Okt. 2010 Neihaischen        
  • 16. Okt. 2010    Géisserei    
  • 23. Okt. 2010    Neihaischen    

Weekend 1 oder 2 - 30 €, op der Plaz ze bezuelen

  • 1. – 2. – 3. Oktober 2010    Neihaischen
  • 22. – 23. – 24. Oktober 2010    Neihaischen

Wiel Dir eng dovun aus ….an dann:

  • den neien Formulaire FO7A ausfëllen…
  • de Formulaire mat enger Foto an d’Géisserei schécken …
  • Umeldeschluss ass den 27. September 2010

Du muss Dech vun Ufank un fir eng Méiglechkeet entscheeden an dëst och um Formulaire uginn (Gëff deng Prioritéit un)… Du kriss eng Confirmatioun geschéckt …

A wann‘s Du just e Recyclage brauchs? …

Natiirlech kanns Du och als ernannte Chef/tainen un dësen Formatiounsaktivitéiten deelhuelen an se als Recyclage (branchenonofhängeg) unerkannt kréien:

  • 1 Samschdeg = 1 Modul fir de Recyclage 
(Präiss 8.50 € - op der Plaz ze bezuelen)

Umeldung beim Bruno Winter bis den 27. September 2010

Eng Fro?

Hei kriss du gehollef:
Bruno Winter
Formatiounscommissaire
Tel.: 59 01 58 / Gsm.: 621 73 70 16
Mail: winter@pt.lu