Odyssee 2010 leeft op Héichtouren: 120 Participanten gesinn sech um Neihaischen

-

Am Kader vun de 5 Odyssee-Projeten haaten déi 120 Participanten, déi dëst Joer a Bosnien-Herzegowina, Bolivien, Senegal an de Vietnam fueren, hiren 2. Préparatiounsweekend um Neihaischen.
Nieft enger interessanter Table Ronde mat der Coopératiounsministesch Marie-Josée Jacobs krutten déi Jonk eng ganz Reih vu nëtzlechen Informatiounen, fir sech adequat op den Openthalt am Ausland ze préparéieren. Dokumentatioun an Experten-Infoen goufen et ë.a. iwwert den Traitement vu Waaser, d'Préventioun vun Krankheeten a Malaria, Techniken fir ze Hiewen an ze Transportéieren, grad wéi Notiounen vun 1. Hëllef an Hygiène.
E weideren groussen Deel vum Weekend gouf domat verbruecht, sech an den eenzelnen Projetsgruppen z'organiséieren, Finanzaktiounen ze plangen a Chargen op ze deelen...deen 1. Départ léist dann och net méi laang op sech waarden, wann e Grupp vu ronn 20 Jonken Enn März op Mboro an de Senegal flott, fir do e Projet mat behënnerte Jonken ze maachen. Déi aaner 4 Projeten sinn am Summer.
D'RaRo hunn Geléenheet durch hir Participatioun un engem vun de Projeten och kennen vum "Scout of the World Award" ze profitéieren.

Foto: Charel Dostert

AttachmentSize
Artikel "Luxemburger Wort" vum 10. Mäerz 2010262.29 KB