Déi Centser, well de komplette Grupperot op de Kanu kënnt!
Paddelen äh surfen op
Nei um Site
-
3 days 9 hours
-
3 days 9 hours
-
3 days 9 hours
-
3 days 9 hours
-
1 week 1 day
Agenda
![]()
De Ben Evol. Mir wäerten och gläich verrode, firwat.
All (Géige)propose op chefvunderwoch@lgs.lu oder gruppvummount@lgs.lu
Weekend an der Abtei Orval den 20./21. Mäerz
Léif Chef/tainen,
Dëse Mäerz ass erëm de Weekend fir all Chef an der Abtei zu Orval.
OPGEPASST: Den Datum wéi en am Contact stoung huet geännert. De Weekend ass den 20 an 21 Mäerz 2010.
Mellt Iech un beim Daniela Steil um 691 785 477 oder per Mail op daniela.steil@lgs.lu
Wéini : Den 20/21. Mäerz 2010
Wou: No 1 Joer Ofwiesselung gi mir nees eng Kéier an eis vertrauten Trappistenabtei Orval an der Belsch (cf. www.orval.be)
Fir wien : Dëse WE fir max. 15 Leit ass fir all Chef/tainen an zielt als « Recyclage ». E kann och ugerechent ginn als 1. (perséinlechen) Deel vun der Formatioun fir Animateurs Spirituels (AS).
Fir deen 2. (prakteschen) Deel vun der AS-Formatioun mellt iech w.e.g.l. beim Daniela Steil an der LGS-Zentral.
Thema : "Versöhnung!“
Mir Mënsche maache Feeler. Leider. Mee mir sinn och kapabel fir eis nees ze verdroen. Heiriwer wëlle mir an d'Gespréich kommen.
Wéi ëmmer wäerte mir eis an deem herrlechen Orvaler Kader och Zäit huele fir Rou a "Béier/Kéis-Shopping"! Op allgemenge Wonsch hi fänke mir de Weekend scho Samschdes moies un!
Ufank : Samschdes ëm 10.30 Auer ; Départ zu Lëtzebuerg ëm ca. 9.30 Auer
Schluss : Sonndes ëm 17.00 Auer ; Retour zu Lëtzebuerg ëm ca. 18.00 Auer
Präis: 45.- Euro (& evtl. Käschte vum Bensin). Bezuelt gëtt op der Plaz.












