Réunioun vun den Guiden- Scouts-Députéiert, den 9. Februar bei den CBDM zu Märel

-

Et ass eng flott Traditioun, datt sech de "Groupe interparlementaire du scoutisme" mat de Guiden- Scoutsverbänn gesait, fir de Point iwwer aktuell politesch Sujeten ze maachen, déi eis direkt an eiser bénévoler Jugendaarbecht concernéieren.
Weltwait sin d'Scouts-Parlamentarier an der WSPU (World Scout Parliamentary Union) zesummegeschloss, déi hir Assemblée am November 2010 zu Seoul (Korea) ofhällt.
Ennert der Présidence vum Anne Brasseur (DP) konnten d'Délégatiounen vun FNEL an LGS nieft engen sëllegen aaneren "Scouts-Députéiert" och den Sportminister Romain Schneider bei der Entrevue am Chalet vun den CB/DM zu Märel begréissen. Beim interessanten Austausch goung et em d'Préparatifen fir d'europäescht Joer vum Bénévolat 2011 an d'Contributioun vun de Guiden a Scouten, grad wéi iwwert d'Valoriséieren vum Bénévolat an dem Projet de Loi iwwer asbl'en. Flott an interessant Iddien goufen diskutéiert an d'Responsabel vun de Verbänn krutten eng Panoplie u gudden Iddien mat op de Wee, déi et elo ze réaliséieren gëllt.
D'Députéiert hierersaits hunn sech impressionéiert gewissen iwwert d'Envergure déi d'Education à l'Environnement um Misärshaff an dem Native Village um Neihaischen anhëllt, grad wéi iwwert d'Préparatifen fir d'national LGS-Campen Althing an Adventum MMX.
Mat kräftegem Guiden- Scoutskascht goung d'Renconter op en Enn, dat mam Verspriechen sech am Fréijoer erem ze gesinn.

Audio-Reportage: http://news.rtl.lu/news/national/58173.html

Foto: Guy Jallay (Luxemburger Wort)

Foto: Guy Jallay (Luxemburger Wort)

AttachmentSize
article "Luxemburger Wort", jeudi 11 février 2010537.28 KB