Chefdag zu Stengefort

19. September 2010 - 17:00

Léif Alleguerten,

Déi Stengeforter Guiden a Scouten heechen iech all wëllkomm op hirem éischte Chefdag zu Stengefort. Vill vun iech waren bestëmmt um nationalen Avex Camp Adventum MMX, also si dir schonns kënneg an eiser Gemeng.

Eise Grupe ass am Krieg 1942 am geheimen gegrënnt ginn, offiziel si mir 1946 vun dem Verband opgeholl ginn. Vu 1948 un hu mir eisen eegenen Home. 2006 hu mir eis 60 Joer gefeiert. 2007 hu mir d´Guiden an eisem Grupp opgeholl. Am Moment huet eise Groupe 65 aktiv Memberen. Zum Ofschloss vun desem Chefdag sinn all Groupechef op den Eierewäin invitéiert, dee vun der Gemeng Stengefort offréiert gëtt. All aner Cheft./Chefs kënne bei engem Patt an engem gudde Maufel vum Grill mat der Bande «GPoint Found» de Chefdag ofschléissen. Eis Chef-Equipe seet Merci, an der Hoffnung iech all zu Stengefort ërem zegesinn.

Vic Wester
Groupechef, St. Hubert Ste. Bernadette Stengefort

Programm

  • 8h30 Aschreiwen
  • 9h00 Begréissung, Gebiet, Informatiounen, Réck- an Ausbléck, Mot d’ordre
  • 10h00 Paus
  • 10h15 Ateliers / Foire aux idées
  • 11h15 Mass
  • 12h30 Mëttegiessen
  • 14h00 Brancheversammlung a Gruppechefsversammlung
  • 16h00 Ofschlossanimatioun mat Concert „G-Point“

 

Brancheversammlung CaraPio um Chefdag 2010:

Wéi een dat schonn gewinnt ass, ginn et an der Branchenversammlung all wichteg Detailer fir dat neit Guiden a Scouts Joer. Den Austausch kennt heibäi natierlech net ze kuerz dofir wollten mir dëst Joer een neien Wee aschloen. 

Mir bidden 6 verschidden  Workshop ’en un, wou mer wëllen de Bols fillen, an dat zu folgenden Themaen:

  • pimp my Scoutsaktivitéit
  • Pro/Contra Regionalequipe
  • Firwat een Recyclage
  • What about Formatioun
  • Mot d’ordre?
  • Chefmeeting

An dësen Diskussiounsronne wëllen mer een klengen Austausch maachen: mir froen dech em deng Meenung zu dësen Beräicher, an stellen d’Weichen fir d Zukunft. 

Iwwerleeë dir also elo schonn an wéi engem Beräich’s du schonns ëmmer eppes wolls soen, esou verléieren mer an der Branchenversammlung manner Zäit vir d’ Andeelung. Fir Truppen mat méi Chefen ass et intressant dës an méi Workshop’en opzedeelen.

Mir hoffen dech bei eis ze gesinn. Bis dohin, deng CaraPio Equipe.

Info

08.30 Accueil

Am Centre culturel « Roudemer » (n°8) Beuecht onbedéngt d’Erklärungen iwwer den Transport, d’Parkplazen, d’Aschreiwen an d’Präsenzlëschten am Kapitel “Praktesch Uweisungen”.

09.00 Ouverture

Am Centre culturel « Roudemer » Nodeems de Commissaire Général de Chefdag ageleet huet, proposéiert den Aumônier Général eis e gemeinsamt Gebiet. De Gruppechef vu Stengefort begréisst Iech a gëtt Iech praktesch Uweisungen fir den Dag mat op de Wee. 

Réck- an Ausbléck, Mot d’ordre, Adventum MMX, Althing, Senegal, Vietnam, Bosnien, Bolivien sin déi grouss Verbandsaktivitéiten 2009/10 – e Réckbléck. 

A wat steet d’nächst Joër um Programm ?

10.30 Foire aux idées

Nom Erfolleg vum läschte Joer gëtt d’Iddienfoire widderholl. Intern grad wéi och extern Experten an Associatiounen sti bereet fir Iech Informatiounen a nei Iddien mat ze ginn, déi dir an äre Rucksak paake kënnt.  

11.15 Mass

D’Chefdag‘s-Mass ass an der Parkierch zu Stengefort zum Thema  «Engagement»

12.15-14.00 Mëttespaus

D‘Mëttegiesse gëtt am Centre Culturel “Roudemer” zerwéiert. Erënnert iech, wat fir ee Menü datt dir bestallt hutt. Detailer fannt dir bei de prakteschen Uweisungen. Gamell, Besteck a Kichenduch net vergiessen!!! Verschidde Stänn op der Foire wäerten och an der Mëttesstonn op sinn.

14.00-16.15 Branchen- a Gruppechefversammlungen

Praktësch Uweisungen

Iessen

Mëttes gëtt e waarmt Iessen zerwéiert. Zwee Menüe stinn zur Wiel:

  1. Pâtes: 12 €
  2. Pâtes Vegetaresch: 12 €

Gedrénks kritt een op der Plaz ze kafen. Gamell, Besteck a Kichenduch w.e.g. matbréngen.

Fir d’Iesse mussen d’Gruppechef/tainen hire Grupp per Formulaire (F30)am Verbandssekretariat bis spéitstens den 12. September umellen an dobäi dee gewënschte Menü uginn. All Grupp bezillt am Viraus op e Verbandskont dat Iessen, dat e bestallt huet, och wann déi ugemellte Cheftainen a Chef net present sinn. 

Parking

De Parking ass um P&R Stengefort (Areler-Strooss).  Vun do aus ass de Wee gezeechent (10 Min. per Pedes).

Leit déi Behënnerter op de Kongress oder Chefdag matbréngen oder déi schwéiert Material ze transportéieren hunn, kënne sech am Sekretariat e «laisser-passer» ufroen. De Parking fir déi concernéiert Leit ass virum Centre Roudemer.

Finanzen

D’Participatioun um Kongress an um Chefdag ass wéi déi lescht Jore gratis. D’Iessen am Viraus op de Kont BILLLULL LU96 0029 0100 0002 3100 vun de „Lëtzebuerger Guiden a Scouten“ iwwerwisen.

Aschreiwen op de Presenzlëschten

Aschreiwen kënnt dir iech ab 8:30 Auer am Receptiounsbüro am Entréesberäich vum Centre Roudemer. Passéiert onbedéngt am Receptiounsbüro esoubal der ukomm sidd! Ee Chef oder eng Cheftaine soll d‘Formalitéite fir de ganze Grupp erliedegen, hei kritt dir d’Iessbonge fir de ganze Grupp an eng Envelopp mat diversem Informatiounsmaterial.

WE WANT YOUR Logbicher !

Bréngt Är Logbicher mat op de Chefdag op Stengefort. Während dem Moien ginn d’Logbicher ausgestallt, duerno kritt dir se natierlech nees mat heem an Är Gruppen. Et ass och méiglech d’Logbicher schon op de Kongress mat ze bréngen an se do of ze ginn.