Pélé des Jeunes

25. April 2010 - 16:00

Pélé des Jeunes 2010

An Tëschenzäit huet de Pélé ewell 37 Joer um Bockel a steet all éischte Sonndeg vun der Oktav ganz am Déngscht vun de Jonken an all deenen, déi am Häerz jonk bliwwe sinn.                De Weekend vum  24. Op de 25 Abrëll ass et nees esou wäit; de Pélé vun dësem Jor steet ënnert dem Thema “You never walk alone". Als Ofschloss vum Pélerinage feiere mir                    (NEI!) Sonndes moies um 7.30 Auer zesumme mat eisem Äerzbëschof, dem Mgr. Fernand Franck, eng Jugendmass an der Kathedral.

Inhalt:

Das Thema des diesjährigen Pélé des Jeunes lautet:  „You never walk alone“. Du bist niemals alleine. Ausgehend vom Titelsong einer TV Serie, die sich mit dem Thema Freundschaft beschäftigt wird der Gedanke an die Freundschaft fürs  ganze Leben von unterschiedlichen Seiten betrachtet. Das Versprechen immer da zu sein für den anderen......in allen Lebenslagen, in Freude und Fröhlichkeit aber natürlich auch in Zeiten der Not. Nichtsdestotrotz: Menschlich gesehen ist jeder letztlich alleine. Gefühle der Einsamkeit kennt jeder, und wenn sie da sind, sind sie da. In solchen Momenten kann der Verstand wenig ausrichten. Da sagt dann unser christlicher Glaube: Gott ist der "Ich bin da".

Vielleicht kann ich das erkennen wenn ich meine übliche Blickrichtung einmal ändere:

"Du, Mensch, schau dich in deinem Leben nie so an, als wärst du ferne von Gott. Und wenn du dich nicht so ansehen kannst, dass du nahe seiest bei Gott, so fasse doch den Gedanken, dass Gott nahe bei dir ist." (Meister Eckart).

Material

Vum Mount Mäerz u fannt Dir op der Homepage vun der Jugendpastoral (http://www.jugendpastoral.org) Methoden, Texter a Gebieder, déi als praktesch Hëllef geduecht si fir eng Veillée ze preparéieren oder fir sech um Wee fir an d’Kathedral a Form vu „Statiounen“, mam Thema vum Pélé auserneenzesetzen. Wie keen Internet-Zougank huet, ka sech dëst Material och iwwer den Telefon 4 47 43 – 279 beim CPJ (René Schumacher) bestellen.

Dës Telefonsnummer gëllt och fir weider Plakater, Flyeren oder Lidderblieder ze bestellen.

Musikalesch Animatioun vun der Pélés - Mass

Fir déi musikalesch Animatioun suergt dëst Joer d´Band vun der Landjugend.

Lidder:

Can you feel it (Söhne Mannheims)
Whenever God (Van Morrison)
Sanctus
You never walk alone (Mathou)
Warum (Juli)> mit neuem Text;

Wire to wire (Razzorlight)
Ma philosophie
Just hold me (Maria Mena)
Agnus Dei (Michael W. Smith)
Spanisches Lied (JMJ)

Affer vum Pélé:  Soziale Projet 2010: Kolumbien

De Projet, deen de Centre de Pastorale dëst Joer ënnerstëtzt, ass a Kolumbien, fir genee ze sinn zu Bagado am Departement Choco. D’Liewensbedingungen zu Choco si besonnesch haart. Et ass den äermsten Departement a Kolumbien: 26% vun der Bevëlkerung sinn Analphabeten an de Chômage-taux läit bei 50 %. 90 % vun de Leit wunnen ënner onwierdege Konditiounen. D’Liewenserwaardung läit bei 52 Joer. De Staat ignoréiert dës Mënsche komplett. De Paschtouer Jhonny Milton Cordoba wëll de Jonken hëllefen eng Zukunftsperspektive ze fannen. D’Aarmut huet als Konsequenz, datt vill Jonker an d’Hänn vun illegale Gruppe falen, wéi z.B. d’Guerilla. Dës Gruppen bidden de Jonke Suen, wann si prett sinn zu de Waffen ze gräifen. Fir dëst ze verhënneren, wëll de Paschtouer Jhonny Milton Cordoba Jonken erméiglechen eng Ausbildung ze maachen. Seng Par huet en Terrain vun 35 ha, deen et erméiglecht mat engem landwirtschaftleche Betrib unzefänken. Nieft der Schwäin- an Héngerzuucht wäerten och Bananebeem respektiv Räis, Maniok a Kachbananen geplanzt ginn. Och Fëschzuucht ass geplangt. An enger éischter Etapp wäerten 20 Jonker vun dëser Ausbildung profitéieren. An enger zweeter Etapp sollen d’Produiten vum Bauerenhaff an der Géigend an an de Nopeschgemenge verkaf ginn, fir se an enger drëtter Etapp am ganzen Departement Choco ze verkafen. Esou soll dëse Bauerenhaff enges Dags sech selwer droe kënnen. Fir dat ganzt ze geréieren ass eng Famill responsabel, déi och en Haus op dësem Terrain gebaut kritt. De Projet beleeft sech op 35 000 Euro.

Är Donen kënnt Dir maachen op den CCP "Pastorale des Jeunes":                                                   IBAN LU84 1111 0023 2392 0000 mam Vermierk "Kolumbien".

Kaffi no der Pelésmass

No der Mass wäerten d’Mataarbechter vun der „Carrefour CPJ a.s.b.l“ Iech och dëst Jor nees eng Taass Kaffi an e Croissant um Parvis vun der Kathedral zerwéieren, esou datt keen hongereg oder duuschtereg heemfuere muss. Den Erléis vun dëser Aktioun ass integral fir „Carrefour CPJ a.s.b.l“. Wie mat engem ganze Grupp kënnt, soll sech no Méiglechkeet aus organisatoresche Grënn virdrun am CPJ (Tel. 44743-279) umellen. Merci.

Umellung vun engem Pilgergrupp

Wann Dir och dëst Joer nees wëlles hutt fir am Grupp op de Pélé ze „pilgeren“, respektiv eng Veillée ze organiséieren, déi op ass fir aner Leit dann deelt eis dat, am Interessi vun de jonke Leit, w.e.g. mat.

Den Umeldungsformulaire fannt dir op www.lgs.lu, Rubrique EAR. Fëllt de Formulaire aus a schéckt oder faxt e virum 03.04.08 un de CPJ. Natierlech kënnt Dir eis och eng Mail mat den entspriechenden Donnéeë schécken (daniela.steil@lgs.lu; daniela@jugendpastoral.org). Mat Ären Informatioune kann dann am „Wort“ an op der Homepage vun der Jugendpastoral, (http://www.jugendpastoral.org ) eng Lëscht mat deene verschiddene „Rassemblements“ publizéiert ginn.

Villmools Merci fir Är Mataarbecht an Ären Engagement.