JoCaPi zu Sandweiler

28. March 2010 - 16:30

Jocapi 2010

Salut CaraPio Chef/taine,

Wei scho bekannt, ass d’Jocapi 2010 (Journée CaraPio) zu Sandweiler, an zwar Sonndes den 28. Mäerz 2010.
Dat Ganzt steet ënnert dem Thema "Ready for take off ?"

Mellt är Trupp bis den 31. Januar 2010 un, fir dëst eemolegt Evenement net ze verpassen. Am beschten dir maacht dat mat enger Email u sandweiler@lgs.lu, carapio@lgs.lu  oder dir schéckt de Formulaire deen dir op www.lgs.lu downloaden kënnt, u folgend Adress :

Claude Watgen
25c rue d’ Itzig
L 5231 Sandweiler

Hei nach e puer Detailer:

Wéini: 28. Mäerz 2010  zu Sandweiler beim Centre Culturel,

Präis: 13 €, (Croissant,  Mëttegiessen a Badge abegraff),

Ufank: tëschent 8h45 an 9h15, (jee no Transportmëttel, eng Navette vun der Gare ass virgesinn)

Schluss: géint 17h30.

Iwwerweisen : op de Konto BCEE : LU84 0019 2355 3139 4000 vun de Guiden a Scouten
Sandweiler mam Vermierk : JoCaPi 2010 / Numm vun der Trupp / Zuel vun de CaraPio + Chef

No der Umeldung kritt dir nach weider Detailer.

Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss vun de Sandweiler CaraPio