Déi Centser, well de komplette Grupperot op de Kanu kënnt!
Paddelen äh surfen op
Nei um Site
-
3 days 9 hours
-
3 days 9 hours
-
3 days 9 hours
-
3 days 9 hours
-
1 week 1 day
Agenda
![]()
De Ben Evol. Mir wäerten och gläich verrode, firwat.
All (Géige)propose op chefvunderwoch@lgs.lu oder gruppvummount@lgs.lu
Reliéise Weekend zu Orval
WE fir all Chef/tainen an der Abtei Orval
Wéini?
De 06/07. Mäerz 2010
Wou?
No 1 Joer Ofwiesselung gi mir nees eng Kéier an eis vertrauten Trappistenabtei zu Orval an der Belsch (cf. www.orval.be)
Fir wien?
Dëse WE fir max. 15 Leit ass fir all Chef/tainen an zielt als « Recyclage ». E kann och ugerechent ginn als 1. (perséinlechen) Deel vun der Formatioun fir Animateurs Spirituels (AS).
Fir den 2. (prakteschen) Deel vun der AS-Formatioun mellt iech w.e.g beim Daniela Steil an der LGS-Zentral.
Thema : "Versöhnung!“
Mir Mënsche maache Feeler. Leider. Mä mir sinn och kapabel fir eis nees ze verdroen.
Heiriwwer wëlle mir an d'Gespréich kommen. Wéi ëmmer wäerte mir eis an deem herrlechen Orvaler Kader och Zäit huele fir Rou a "Béier/Kéis-Shopping"! Op allgemenge Wonsch hin fänke mir de Weekend scho Samschdes moies un!
Ufank :
Samschdes ëm 10.30 Auer ; Départ zu Lëtzebuerg ëm ca. 9.30 Auer
Schluss :
Sonndes ëm 17.00 Auer ; Retour zu Lëtzebuerg ëm ca. 18.00 Auer
Präis:
45.- Euro (& evtl. Käschte vum Bensin). Bezuelt gëtt op der Plaz.
Umeldung:
bis den 19. Februar ’2010: beim daniela.steil@lgs.lu , Tel. oder mam Formulaire un: LGS - E.A.R.; 5, rue Munchen-Tesch; L-2173 Luxembourg oder faxen op d’Nr. 269484-30.
Mathuelen :
Perséinlech Saachen, Schlofsak, Bezug fir d’Kappkëssen, evtl. Instrument
Transport :
gëtt telefonesch kuerz virum WE geregelt
(Den Umeldungs-Formulaire fannt dir op www.lgs.lu - EAR)












