Gruppechef - Gemittlechen Owend

19. March 2010 - 16:30

E gemittlechen Owend fir Gruppechef

Salut,

Esou, wéi et an deene leschte Jore schonn Traditioun ass, organiséiert d'Gruppecheféquipe och dëst Joer nees e gemittlechen Owend fir Gruppechef. Zil ass et fir zesummen e puer flott Momenter z'erliewen, an emol méi informell iwwert verschidde Sujeten ze schwätzen.

Dëst Joer gi mer op Bierchem an d’Méckenheck spillen, an zwar

Freides, de 19. Mäerz owes um 19h30

(17, rue Méckenheck zu Bierchem)

Fir datt kee vun de Schanke fält gëtt et och eng Klengegkeet z'iessen: Ham, Fritten an Zalot. (Dat ganzt bezilt awer jiddweree selwer).

Et ass awer elo wichteg, datt’s de dech umells, wann’s de wëlls matgoen, an zwar beim Eric. Entweder iwwer e-mail: gruppechef@lgs.lu oder ruff un um: 26 35 05 88, an da schwätz de op d'Band.

Bescht Gréiss, d'Gruppenéquipe