Biber Techneschen Dag

7. March 2010 - 16:30

D’Biber-Equipe invitéiert all ernannten an net-ernannten Bibercheftainen a Biberchef ob den

TECHNESCHEN DAG 2010

Aussergewéinlech Spiller

Wéini?           

De 07. Mäerz 2010. 

Ab 9.00 Auer gëtt Kaffi a Croissant servéiert. De Programm selwer fänkt dann um 9.30 Auer un an dauert bis 16.00 Auer.

Wou? 

Zu Diddeleng am Home St. Jean / rue Mont St.Jean.

Präis: 

15 € sinn ze iwwerweisen op de BILLLULL IBAN LU49 0023 1827 9760 7300 vun de

Lëtzebuerger Guiden a Scouten, Branche Biber mam Vermierk: Techneschen Dag 2008

Umeldung:           

Bis spéitstens de 15. Februar iwwert biber@lgs.lu oder iwwert de 661 53 28 98.

Bemierkung:           

Mir erënneren drun, datt den techneschen Dag obligatoresch fir d’Kandidaten vum 1. Zyklus ass.  Fir ernannte Chef zielt den techneschen Dag als ee Recyclage. Froen: An dësem Fall sollt Dir Iech un d’Nadine Wilwert (Tel : 661 53 28 98, biber@lgs.lu) wenden.

Mir freeën ons, Iech zahlreich op dem techneschen Dag erëm ze gesinn.

d’Biber-Equipe