Déi Centser, well de komplette Grupperot op de Kanu kënnt!
Paddelen äh surfen op
Nei um Site
-
3 days 9 hours
-
3 days 9 hours
-
3 days 9 hours
-
3 days 9 hours
-
1 week 1 day
Agenda
![]()
De Ben Evol. Mir wäerten och gläich verrode, firwat.
All (Géige)propose op chefvunderwoch@lgs.lu oder gruppvummount@lgs.lu
Rapport Verbandscomité - Juli 2009
De Rapport vum Verbandscomité vum Juli 2009.
Et sin do: Roy Grotz, Carmen Schares, Pit Faber, Christiane Feltes, Yves Georges, Carole Gallion, Nadine Wilwert, Claude Watgen, Bruno Winter, David Heck, Philippe Lutty, Conny Schinker, Edy Felten
Ofgemelt hu sech: Joëlle Floener, Tessy Höfliger, Luss Brosius, Georges Rotink, Dany Rod, Raphaël Mersch
Du Gott des Weges, segne Uns (Andrea Schwarz)
2. Rapport vun der läschter Réunioun vum comité
De Rapport vum 11. Juni gët ugeholl.
3. Matdeelungen vum Team
- Déi proposéiert Datumer fir d’ Réuniounen vum comité 2009/10 gët ugeholl. Den Aarbéchtsweekend vum comité ass de 5.-6.12.2009 um Neihaischen.
- Chèques-services: d’LGS hum am Familljeministère eng Konventioun ënnerschriwen iwer d’chèques-services bei Vakanz-Aktivitéiten. Sou schnell wéi méiglech gi mer Erklärungen un eis Gruppen eraus.
- H1N1 (Schwéngsgripp): Informatiounen vun der Santé goufen un d’Gruppen an un d’Camp-Chefs/tainen gemailt. D’Dokumentatioun ass och op eisem Internet-Site. Den Team vum Nouttelefon kritt déi Informatiounen och. En adaptéierten “H1N1-Kit” (mat Masken, Händschen, etc.) ass am Sekretariat zur Verfügung.
- Fir d’national Camp’en mussen d’ Branchen d’Démarchen fir de Sponsoring ënner séch ofklären fir Iwwerschneidungen ze vermeiden. VIVA sponsort Waasser fir d’Campen: dem Roy d’Wënsch (Quantitéiten) matdeelen.
- D’ FNEL huet den 12.7.2009 Powwow um Misäershaff. De Roy vertrëtt d’LGS
- CGJL: de Laurent Dura ass LGS-Vertrieder, den David Heck gët als suppléant gemellt.
- D’ LGS striewen eng Kooperatioun mam SNJ un fir d’Programmatioun vun engem neien Member- a Cheffichier.
- Den Eric Eifes geet op d’Assises des Associations vun der Staad Lëtzebuerg.
4. Bilan/Budget 2010
De Finanz-Commissaire présentéiert de Bilan 2008 (Pertes & Profits a Bilan), dee guttgeheescht gët. Eng Kuerzfaassung kënnt an de Contact a gët dem Kongress zur Ofstëmmung viirgeluet.
De Budget-Projet 2010 gët viirgestallt an dann och am Contact 1 publizéiert an dem Kongress viirgeluet.
5. 2 Kongress Resolutiounen
De Programmcommissaire proposéiert, fir dem Kongress 2 Resolutiounen viirzeleeën:
Eng iwer d’Method, fir d’Methoden ze coordinéieren, sou wéi um Schaffdag vum comité proposéiert.
Eng zweet Resolutioun iwer de Projet “Growth”, wouduerch eng logesch Suite vun der Verbandsentwécklung assuréiert gët.
Béid Resolutiounen gi vum comité ugeholl.
6. Préparatiounen Chefdag 2009
Bis elo si ronn 30 Stänn ugemellt.
7. Informatiounen an Neits aus de Branchen
D’ Biber versichen hir Equipe fir d’nächst Joër ze erneieren an ze verstärken.
D’ Wëllef préparéieren de Rallye an de STAP.
Bei de CaraPio gët et näischt Neies.
D’ RaRo kréien 2 nei Memberen an der Equipe bäi. Enn August hu si STAP zu Kolpech.
D’ Gruppen-Equipe ass frou, datt souvill LGS um Fakelzuch fir Nationalfeierdag derbäi waren.
8. Reviséiert Reglement Woodbadge
De Formatiounscommissaire huet d’ Reglement N° 2 – D’Woodbadge-Formatioun” finaliséiert, nodeems am läschte comité verschidden Ännerungen proposéiert gi waren. D’ Reglement geet elo an de Verbandsrot.
D’ Formatiounskonzept (Versioun 1.6.2009) gouf un de comité verdeelt, a gët ugeholl.
9. Divers
- National Camp’en 2010: all Branche muss hir Commodo-Demande separate fir sech maachen.
- D’ Umeldungen fir d’Formatioun gin an d’Vebandssekretariat geschéckt. De Branchecommissaire + de Formatiounscommissaire kréien eng Kopie per Mail.
- Et ass erëm viirgesin, de Gruppen individualiséert Flyer’en zur Verfügung ze stellen.
Edy Felten












