Nei um Site
-
13 hours 6 min
-
4 days 12 hours
-
4 days 22 hours
-
4 days 22 hours
-
6 days 22 hours
Aarbechtsgruppen
An eisem Verband ginn et eng grouss Zuel u Leit déi sech och um nationale Plang engagéieren. Dëst ass natirlech an de Branchenequippe méiglech an awer och an enger ganzer Rei iwwerbranchlechen Aarbechtsgruppen.
Albatrossen
Den Aabechtsgrupp Albatrossen këmmert sech em de Programm vun den Albatrossen, Erwuessener vu 23 bis 100 Joër.
Equippe Animation Religieuse (EAR)
Gruppen
Den Aarbechtsgrupp oder besser d'Equipe déi sech em d'Formatioun an de Programm vun de "Gruppechef" këmmert
International
Dir wëllt wëssen waat ons Equipe mécht a wien do matmécht? Dir wellt Informatiounen iwert international Campen an den Jamboree 2011? Dann luusst emol hei eran.
Formatiounsekipp
Programmekipp
D’Programm-Ekipp gëtt sech als Missioun de Programm vum Verband kuerz- wéi och laangfristeg duerch Grondimpulser an d’Weeër ze leeden a brancheniwwergräifend Aktivitéiten ze organiséieren.
Relations Publiques (PR)
Den Aarbechtsgrupp "PR" këmmert sech em d'Publikatiounen (Contact a Platte Knuet), den Internetsite an déi sëllechen Déplianten a Fotoen vun den LGS. Den Optrëtt no baussen, de Contact mat der Presse an déi inter Communicatioun ginn an dësem Aarbechtsgrupp coordinéiert.
Resistenzler
Chalet
Formatiounszentren
Gamma
De Begrëff Gamma steet bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten fir d'Aarbecht mam behënnerte Kand a Jugendlëchen. Dëst kann heeschen, dass dëss Kanner a Jugendlëcher an enger valider Trupp integréiert sinn, oder dass si Memberen vun enger spezieller Unitéit fir behënnert Kanner a Jugendlëcher sinn. Haut ginn ët 2 Gamma Unitéiten bei den LGS (Pierre d'Aspelt Lëtzebuerg - Wëllef an Avex; de Gamma 2 St. Georges - Avex). Um nationale Plang këmmert sech den Aarbechtsgruppëch ëm d'Interessen vum behënnerte Kand am Jugendlëchen am Verband an all zwee Joer d'Gamma organiséiert hien d'Gamma-Formatioun.









