Déi Centser, well de komplette Grupperot op de Kanu kënnt!
Paddelen äh surfen op
Nei um Site
-
3 days 9 hours
-
3 days 9 hours
-
3 days 9 hours
-
3 days 9 hours
-
1 week 1 day
Agenda
![]()
De Ben Evol. Mir wäerten och gläich verrode, firwat.
All (Géige)propose op chefvunderwoch@lgs.lu oder gruppvummount@lgs.lu
LGS Geschicht
D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten goufen de 15. Mee 1994 gegrënnt. Dëse Verband ass den Nofolger vum Verband vun de "Lëtzebuerger Scouten" a vum Verband vun de "Lëtzebuerger Guiden".
De Verband vun de Lëtzebuerger Scouten (Fédération Nationale dës Scouts du Luxembourg - FNSL) huet 1919 déi Scoutstruppen zesummegefaasst, déi deemols - deelweis schon zënter 1913/1914 - als Sektioune vum "Verband der luxemburgischen katholischen Jugendvereine" bestan huet.
|
D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten si Grënnungsmember vun:
- D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten an d´AGGL hunn en Daachverband zu Lëtzebuerg,
de "Bureau de Liaison des Associations Guides Luxembourgeoises" (gegrënnt 1958). - D´Lëtzebuerger Guiden a Scouten an d´FNEL hun en Daachverband zu Lëtzebuerg,
d'"Luxembourg Boy Scout Association" (gegrënnt 1945). Chef-Scout dovun as de Grand-Duc Jean . - De Groupement des associations et fédérations scoutes-guides du Luxembourg a.s.b.l. (gegrënnt 2002) regroupéiert all d'Guiden a Scouts Verbänn vu Lëtzebuerg.
- Op internationalem Plang gehéieren d'Lëtzebuerger Guiden a Scouten zu de Weltorganisatioune vun de Guiden - WAGGGS (World Organization of Guirl Guides and Girl Scouts, gegrënnt 1928, Welt-Daachorganisatioun vun den unerkannte Guideverbänn, mat Sëtz zu London)
- a vun de Scouten WOSM (World Organization of the Scout Movement, gegrënnt 1922 Welt-Daachorganisatioun vun den unerkannte Scoutsverbänn, mat Sëtz zu Genève)
De Verband vun de Lëtzebuerger Scouten (LS)
an der Resistenz 1940-1945
Den 2. September 1939, hunn däitsch Truppen Polen iwwerfall. Doduerch waren déi Alliéiert, England a Frankräich laut Ofkommes mat Polen engagéiert , Däitschland de Krich ze erklären, deen no an no zum 2. Weltkrich ausgewuess ass. Doduerch stong eist Land virun enger ongewësser Zukunft.













