![]()
Déi Beggener, well si fir de Concours "100% Natur" eng flott Konstruktioun mat Weiden um Neihaischen gemaach haten. Ausserdeem war hir Buerg net ellen !
Nei um Site
-
3 hours 51 min
-
4 hours 54 min
-
4 hours 55 min
-
1 day 6 hours
-
2 days 5 hours
Agenda
![]()
Dee Chef, dee Gamelle mat C vir an de Bréif geschriwwen hat. Sou hu seng AvEx eben eng Sucus oder eng Haribo mat op den Absurd Cup geholl!
All (Géige)propose op chefvunderwoch@lgs.lu oder gruppvummount@lgs.lu
De « Paddel däi Kanu » 2011/2012
Loscht op de « Paddel däi Kanu » ?
Keen Problem : Am Attachment fënns de de Kalenner mat all de Kanu-Aktivitéiten déi d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten dëst Joer proposéieren. Op de Säiten hannendrun fënns de Detailer an Informatiounen zu de verschiddene Méiglechkeeten.
Mee opgepasst, d' Sessiounen A1, A2 an B3 sinn leider schon voll, de Choix ass awer nach secher grouss genug.
Mir wënschen dir vill Spaass beim Duerchliesen a beim Eraussiche vun dénge Kanu-Aktivitéiten!
Bis geschwënn,
D’Formatiounsequipp
Wéi fonctionnéiert de "Paddel däi Kanu"?
Wat man wann deng Ernennung ofleeft?
Wann deng Ernennung ofleeft, kanns de se natierlech ëmmer nees erneieren.
Heifir muss de mat Zäit un Kanu-Aktivitéiten deelhuelen, bei deenen’s du Paddele sammels. Fir all gesammelte Paddel kanns de déng Ernennung fir een Joer verlängeren. All Kéier wann’s de eng Erneierung ufreess kanns de dat fir maximal 3 Joer man. Wann s de elo Paddelen ze vill gesammelt häss, verfalen déi bei der Erneierung.
D’Kanu-Aktivitéiten
All d’Aktivitéite vum „Paddel däi Kanu“ sinn iwwerbranchlech a riichten sech un all ernannte Chef/tainen.
Paddele kanns de op verschidde Manéiere sammelen: op de Kanu-Aktivitéiten déi vum Verband organiséiert ginn, andeems de bei der Organisatioun an/oder Duerchféierung vun enger nationaler Aktivitéit hëllefs, oder andeems de op extern Formatiouns-Offeren zeréckgräifs.
… am Verband
- „De Kanu“ass d’Haaptaktivitéit vum „Paddel däi Kanu“. Dëst ass 1 Dag, un deem all Chef kann deelhuelen. D’Participatioun un dësem Dag zielt fir 3 Paddelen.
- Eenzel „Kanu-Aktivitéiten“ déi vum Verband ugebuede ginn a fir een oder zwee Paddelen zielen.
- De „Gruppen-Kanu“, fir 1 oder 2 Paddelen, ass eng Kanu-Aktivitéit déi e Grupperot fir sech kann organiséieren a bei där en Spezialist d‘Formatioun hält. Heifir muss de Gruppechef eng Demande mat Programm beim Formatiounscommissaire, ee Mount am viraus, era reechen (Formulaire F18).
- Duerch d‘Matschaffe bei énger nationaler Aktivitéit, kanns de och 1 oder 2 Paddele sammelen. Dat muss de awer schrëftlech ee Mount am viraus beim Formatiounscommissaire ufroen (Formulaire F18).
… baussent dem Verband
Du kanns awer och Paddele baussent dem Verband sammelen, andeems de un Formatiouns-Aktivitéite vun externen Organisateuren deelhëls (SNJ, Caritas, …).
Heifir muss de op mannst ee Mount virun dëser Formatioun, eng schrëftlech Demande bei de Formatiounscommissaire era schécken (Formulaire F18).
Mais opgepasst: op mannst een Paddel muss de am Verband sammelen!
|
De Gruppechef muss nieft deenen normale Paddelen, och nach zousätzlech Gruppechef-Paddele sammelen.
Dës kann en op den extra Kanu-Aktivitéite fir Gruppechef sammelen, déi vun der Gruppen-Equipp organiséiert ginn.
Fir seng Ernennung 1 oder 2 Joer verlängert ze kréie brauch de Gruppechef 1 Gruppechef-Paddel, fir se 3 Joer ze verlängeren 2 Gruppechef-Paddel.
|
Fir den Animateur Spirituel an den Laien-Aumônier fonctionnéiert de „Paddel däi Kanu“ gréisstendeels d’selwecht wéi fir all aner Chef.
Eenzegen Ënnerscheed ass, dass si un op mannst enger Kanu-Aktivitéit zu enger spiritueller/reliéiser Thematik deelhuele mussen. |
Méi Detailer iwwer de "Paddel däi Kanu" fënns de am Formatiounskonzept.
| Attachment | Size |
|---|---|
| Kanu-Dossier 2012.pdf | 278.43 KB |












